Timor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Foto aus dem Weltall
D'Insel Timor ass mat 33.850 km² déi gréisst vu de Klenge Sunda-Inselen. Den Timor-Archipel abegraff Roti ass de gréissten Archipel vun den ëstleche Klenge Sunda-Inselen am Oste vum Indoneseschen Archipel. Timor huet ongeféier dräi Milliounen Awunner.
[änneren] Geographie
D' Insel Timor ass bal 500 km laang, awer nëmmen 80 km breet an erstreckt sech a west-ëstlecher Riichtung. Timor ass vun de Klenge Sundainseln, déi déi am wäitesten am Oste läit.
D' Insel ass politesch an zwee gedeelt:
- Dat indonesescht Westtimor (Timor Barat), dat zu der indonesescher Provënz Nusa Tenggara Timur gehéiert, ass ongeféier 19.000 km² grouss an huet ronn zwou Milliounen Awunner. D'Haaptstad ass Kupang.
- Déi Demokratesch Republik Osttimor (offiziell Timor-Leste), zu där och d'Enklave Oecussi-Ambeno déi un der Norwestküst vun Timor läit, an déi méi kleng Inselen Atauro a Jaco gehéieren, ass 15.007 km² grouss an huet ongeféier eng hallef Millioun Awunner. Haaptstad vun Osttimor ass Dili.