Aarmut
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Aarmut versteet ee fir d'éischt de Manktem [1] u liewenswichtege Gidder (beispillsweis Iessen, Logement, Kleedung), am weideren allgemenge Sënn d'Feele vun deem, wat gebraucht oder vermësst gëtt. Als sozioökonomescht Konzept gëtt den Aarmut als en Zoustand vu staarker sozialer Benodeelegung ugesinn,[2] wat zu enger ongenügender Versuergung mat materielle Gidder a Déngschtleeschtunge féiert.[3]
D' Europäesch Unioun definiert als „aarm“ deen, dee manner wéi 60 % vum duerchschnëttlechen Akommes vu sengem Heemechtsland zur Verfügung huet. Bei den ökonomeschen Aarmutskonzepte gëtt doriwer eraus tëscht relativer Aarmut an absoluter Aarmut en Ënnerscheed gemaach.
Inhaltsverzeechnes |
Definitiounen [änneren]
Fest oder absolut Grenze gëtt et keng.
Absoluten Aarmut [änneren]
Fir en Iwwerbléck iwwert d'Probleme vun den Entwécklungslänner kënnen ze ginn, huet de fréiere President vun der Weltbank, Robert McNamara, de Begrëff vum absoluten Aarmut ageféiert. Hien definéiert absolut Aarmut als d'Liewen ënnert dem ënneschten Niveau dee fir z'existéieren erfuerderlech ass.
D'International Development Association (IDA) huet folgend Indikatoren opgestallt, déi den absoluten Aarmut ëmzeechnen:
- Pro-Kapp-Akommes (PKE) < 150 US-$/Joer
- Kaloriëverbrauch jee no Land < 2160–2670/Dag
- Durchschnëttlech Liewenserwaardung < 55 Joer
- Kannerstierflechkeet > 33/1000
- Geburtentaux > 25/1000
Aus de Statistike vun der Weltbank geet ervir, datt d'Bevëlkerung, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewe muss, zënter 1990 zréck gaangen ass:[4] {{| class="wikitable"|- Povcalnet Daten fir 1999,2002 an 2004! Regioun! 1990! 2002! 2004|-| Ostasien a Pazifik| 15.40%| 12.33%| 9.07%|-| Europa an Zentralasien| 3.60%| 1.28%| 0.95%|-| Latäin Amerika a Karibik| 9.62%| 9.08%| 8.64%|-| Mëttleren Osten a Nord-Afrika| 2.08%| 1.69%| 1.47%|-| South Asia| 35.04%| 33.44%| 30.84%|-| Mëttel- a Süd-Afrika| 46.07%| 42.63%| 41.09%|}}
Relativen Aarmut [änneren]
Den Aarmut zu Lëtzebuerg [änneren]
Lëtzebuerg figuréiert zwar fir 2006 weltwäit op der éischter Plaz an der Statistik vum Akommes pro Kapp vun der Bevëlkerung (71.400$), gefollegt vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten (49.700), Norwegen (46.300), Irland (44.500), USA (43.800), Schwäiz (43.800). Dat wëllt awer net heeschen dat et zu Lëtzebuerg keen Aarmut gëtt.[5] D'Caritas beweist de Géigendeel:[6]
| Verdeelung vu de Liewensniveauen, Akommensarmut vun de Stéit (1999) | ||
|---|---|---|
| Disponibelt duerchschnëttlecht Akommen (netto) pro Stot am Mount a LUF | 142.216 | |
| Disponibelt duerchschnëttlecht Akommen (netto) am Mount a LUF | 120.250 | |
| Disponibelt duerchschnëttlecht Akommen (netto) pro Mount a Stot a LUF | 88.476 | |
| Disponibelt Akommen am Mediane Schnëtt(netto) pro Mount a Stot a LUF | 76.775 | |
| Proportioun vu Stéit mat engem Liewensniveau vu manner: (a %): | ||
| Akommen (netto)) 50 % ënnert der Mediane | 5,6% | |
| Akommen (netto) 60 % ënnert der Mediane | 11.2% | |
| Akommen (netto) 70 % ënnert der Mediane | 19.1% | |
| Proportioun vun Eenzelpersonen mat engem Liewensniveau vu : (a %): | ||
| 50 % ënnert der Mediane | 6.0% | |
| 60 % ënnert der Mediane | 12.0 | |
| 70 % ënnert der Mediane | 19.8 | |
Et stellt een also fest, dat 11.2% vun de Stéit, respektiv 12% vun den Eenzelpersounen déi zu Lëtzebuerg wunnen, mat engem Liewensniveau vu 60% ënnert der Mediane auskomme mussen.
De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Thema Aarmut zu Lëtzebuerg vun 1850 bis haut an enger besonnescher Ausstellung opgegraff[8], déi vum Mee 2011 bis Abrëll 2012 gedauert huet.
Referenzen [änneren]
- ↑ Brodbeck, Karl-Heinz: Ökonomie der Armut
- ↑ Reinhold G./Lamnek S./Recker H.: Soziologie-Lexikon, Seite 32
- ↑ Stichwort: Armut am Heidelberger Online-Lexikon der Politik
- ↑ World Bank, 2007, Povcalnet Aarmutsstatistik
- ↑ Welt auf einen Blick
- ↑ Caritas
- ↑ Source: PSELL2 – CEPS/Instead
- ↑ « Pauvre Luxembourg? »
Literatur [änneren]
- Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, 2011, « Pauvre Luxembourg ? », Dossier didactique am Kader vun der Ausstellung Pauvre Luxembourg? vum 28/05/11 bis 29/04/12.
Um Spaweck [änneren]
- Statistik vum Aarmut an der Welt
- Wat seet d'kathoulesch Kierch iwwer den Aarmut zu Lëtzebuerg
- Aarmutsrapport vun der Caritas iwwer Lëtzebuerg
| Commons: Aarmut – Biller, Videoen oder Audiodateien |