Agnes Mary Clerke
Agnes Mary Clerke | |
---|---|
Gebuer |
10. Februar 1842 Skibbereen |
Gestuerwen |
20. Januar 1907 London |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Astronom, Wëssenschaftsauteur, Schrëftsteller |
D'Agnes Mary Clerke, gebuer den 10. Februar 1842 zu Skibbereen[1] an Irland a gestuerwen den 20. Januar 1907 zu London, war eng iresch-brittesch Astronomin am Auteurin vu wëssenschaftlechen Artikelen a Bicher.
Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]
D'Agnes Clerke war d'Duechter vum John William Clerke, Bankdirekter zu Skibbereen, a senger Fra Catherine Mary Deasy. D'Clerke hat zwee Gesëschter, mat deene si doheem geschoult gouf. Iwwer hire Papp hat si sech séier fir d'Astronomie intresséiert. Si huet dofir de 4-Zoll-Teleskop vun hirem Papp benotzt. 1861 war d'Famill op Dublin geplënnert an 1863 weider op Queenstown. 1867 war si aus gesondheetleche Grënn mat hirer eelerer Schwëster Ellen an Italie gereest wou si haaptsächlech zu Florenz Wëssenschaft a Sprooche studéiert huet. Nieft der wëssenschaftlecher Aarbecht huet si och u biographesche Referenzwierker geschafft. Sou verfaasst si 149 Biographië fir den Dictionary of National Biography an Artikele fir d'Encyclopædia Britannica, d'Nature an d'Edinburgh Review.[2] 1890 huet si mat zu de Grënner vun der British Astronomical Association gehéiert.
Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- A Popular History of Astronomy during the Nineteenth Century. Edinburgh, 1885
- The System of the Stars. London, 1890
- The Herschels and Modern Astronomy. London, 1895
- The Concise Knowledge Astronomy. London, 1898
- Problems in Astrophysics. London, 1903
Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]
- 1892 Actonian Prize vun der Royal Institution of Great Britain
- 1903 gouf si als véiert Fra no der Caroline Herschel, Mary Somerville an Anne Sheepshanks zesumme mat der Margaret Lindsay Huggins Member vun der Royal Astronomical Society
- 1973: Benennung vum Moundkrater Clerke
- 2017: d'Royal Astronomical Society gëtt d'Agnes Mary Clerke Medal fir historesch Fuerschung an der Astronomie oder Geophysik[3]
Literatur (Divers)[änneren | Quelltext änneren]
- M. T. Brück: Agnes Mary Clerke and the Rise of Astrophysics, 2002, ISBN 9780521808446
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Agnes Mary Clerke – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Agnes Mary Clerke history.mcs.st-and.ac.uk
- Agnes Mary Clerke: stars, systems, problems academic.oup.com
- Agnes Mary Clerke in der Catholic Encyclopedia
- Agnes Mary Clerke an der Deutschen Nationalbibliothek
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Agnes Mary Clerke
- ↑ Sylvia Paletschek: Thema: Popularisierung von Wissenschaft
- ↑ Agnes Mary Clerke Medal for Historical Research