Kuelege Chondrit
Déi kueleg Chondritte stellen eng besonnesch Form vun Stengmeteoritten duer.
Si hunn en héijen Undeel un Kuelestoff (bis zu 3%), deen a Form vu Graphit, Karbonaten an organesche Zesummesetzungen, dorënner Aminosäieren, virläit. Doriwwer eraus hunn si Waasser a Minerale, déi duerch den Afloss vu Waasser verännert gouf. Déi kueleg Chondritten ware kengen héijen Temperaturen ausgesat, sou datt si kaum duerch thermesch Prozesser verännert goufen. Etlech kueleg Chondritte, wéi den Allende-Meteorit enthalen Calcium-Aluminium-räich Aschlëss (CAIs). Et handelt sech dobäi ëm Verbindungen, déi fréi aus dem solaren Urniwwel auskondenséierten an déi eelsten am Sonnesystem entstanenen Minerale duerstellen dierften.
Verschidden primitiv kueleg Chondritte, wéi z. B. den CM-Chondrit Murchison, hunn presolar Minerale, dorënner Siliziumkarbid a winzeg nëmme nanometergrouss Diamanten, déi offensichtlech net an eisem Sonnesystem geformt goufen. Dës presolar Mineralen goufen wahrscheinlech bei der Explosioun vun enger noer Supernova oder an der Ëmgéigend vun engem pulséierendem Roude Ris (méi genee: engem sougenannten AGB-Stär) geformt, ir si an d'Matièrewolleke koumen, aus där sech eist Sonnesystem geformt huet. Bei esou Stärenxplosiounen ginn Drockwellen fräigesat, déi Matièrewolleken an hirer Ëmgéigend verdichte kënnen, wat zu der Formung vu neie Stären a Sonnesystemer féiere kann.
Unhand vun hirer chemescher Zesummesetzung ginn déi kueleg Chondritten an d'Gruppen CI, CB, CM, CV, CO, CR, CK an CH agedeelt.
- CI-Chondrit, genannt nom Fall vun Ivuna, Tansania, hunn en héije Undeel un Waasser (bis zu 20%) a vill organesch Verbindunge wéi Aminosäiren. Si goufen am Laf vun hirer Existenz net iwwer 50 °C erwiermt an dierften am baussegte Sonnesystem entstane sinn. Méiglecherweis sinn si Deeler vun fréiere Koméiten. D'CI-Chondritten hunn keng visuell Chondren, well dës duerch d'Waasser zerstéiert goufen.
- CB-Chondritten (Bencubbin, Australien) bestinn zu je ronn 50% aus Néckel-Eisen a Silikaten. Trotz hirem héijen Eisenundeel ginn d'Meteoritten net zu de Steen-Eisemeteoritten gezielt. Villméi sinn si opgrond vun hiren mineralogeschen Eegeschaften a chemeschen Zesummesetzung aartegläich mat den CR-Chondritten. Vertrieder vun dëser Grupp ginn och als "Bencubbiniten" bezeechent. D'Bencubbinitten sinn méiglecherweis an der Grenzschicht tëschent dem Néckel-Eisen-Kär an dem silikatesche Mantel vun engem C-Asteroid entstanen.
- CM-Chondritten (Mighei, Ukraine) sinn wéi d'CI-Chondritten ähnlech an hirer chemescher Zesummesetzung. Si hu just manner Waasser a weisen däitlech Chondren an heefeg Aschlëss vu CAIs op. D'CM-Chondritten dierften och am baussegte Sonnesystem entstane sinn.
- CV-Chondritten (Vigarano, Italien) sinn vun hirer chemescher Zesummesetzung a vun hirer Struktur aus de gewéinlechen Chondritten ähnlech. Si hunn awer am Géigesaz zu dëse Meteoritten Spuren vu Waasser an organeschen Substanzen. CV-Chondritten weisen däitlech siichtbar Chondren a vill CAIs op.
- CO-Chondritten (Ornans, Frankräich) sinn chemesch ähnlech zesummegesat wieéi d'CV-Chondritten. Si sinn awer méi donkel a weisen ganz kleng Chondren a vill manner CAIs op.
- CR-Chondritten (Renazzo, Italien) gläichen den CM-Chondritten, si hu just méi Néckel-Eisen an Eisensulfid. Spektroskopesch Ënnersich weisen Iwwereneenstëmmunge mat dem Pallas, dem zweetgréissten Asteroid vum Asteroiden-Haaptceinture. Méiglecherweis stamen d'CR-Chondritte vun dësem Himmelskierper.
- CK-Chondritten (Karoonda, Australien) hunn en héijen Deel vum Mineral Magnetit. Dëst gëtt dem Meteorit eng mattschwaarz Faarf. CK-Chondritten hunn verschidde grouss Chondren an heiansdo Aschlëss vu CAIs.
- CH-Chondritten (High-Iron) hunn en héijen Undeel un Néckel-Eisen, dacks méi wéi 50 Gewiichtsprozent.