AGB-Stär
En AGB-Stär ass e kille Stär deen an enger spéider Entwécklungsphas ass a staark liicht. Waasserstoff an Helium an der Kärregioun vum Stär sinn an där Phas schonn duerch d'Kärfusioun verbraucht.
Stäre mat enger Mass vu ronn 1 bis 8 Sonnemassen duerchlafen am Verlaf vun der Stärentwécklung d'AGB-Stadium. Fir d'Éischt befanne si sech während dem Waasserstoffbrennen an der Kärregioun op der Haaptrei am Hertzsprung-Russell-Diagramm. Wann de Waasserstoff vun der Kärregioun zu Helium fusionéiert ass, verlagert sech d'Waasserstoffbrennen an enger Schuel ëm de Kär, de Stär gëtt doduerch e killen, awer liichtkräftege Roude Ris um Risenascht vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.
Bei Stären déi genuch Mass hunn, setzt d'Heliumbrennen herno nees an der Kärregioun un. Si ginn erëm méi waarm a verlagere sech zum Horizontalascht vum Hertzsprung-Russell-Diagramm. Ass och den Helium vun der Kärregioun duerch d'Kärfusioun verbraucht, verlagert sech d'Heliumbrennen an enger Schuel ëm de Kär. De Stär gëtt nees méi kill a liichtstaark. Hie kënnt dem Risenascht nees méi no, an ass dann um sougenannten asymptotesche Risenaascht (engl. Asymptotic Giant Branch, Ofkierzung AGB).
Géint der Enn vun der AGB-Phas kënn de Stär vill u Mass verléieren an eventuell zu engem Planetareschen Niwwel féieren. AGB-Stäre räicheren d'interstellart Medium mat schwéieren Elementen un.
AGB-Stäre si verännerlech Stären vu verschiddenen Typen, wéi z. B. Mira-Stäre.