Julius Scheiner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Julius Scheiner

De Julius Scheiner, gebuer de 25. November 1858 zu Köln a gestuerwen den 20. Dezember 1913 zu Potsdam war en däitschen Astronom an Astrophysiker.[1]

No sengem Abitur am Joer 1878 hat hien zu Bonn Mathematik an Naturwëssenschafte studéiert, 1882 hat hie promovéiert iwwer Ënnersich iwwer den Liichtwiessel vum Algol no de Mannheimer Observatioune vum Professer Schönfeld an de Joren 1869 bis 1875. Schonn zanter 1881 war hien als Assistent um Bonner Observatoire beschäftegt, a vun 1887 un, um Astrophysikaleschen Observatoire Potsdam, wou hien 1894 zum stännege Mataarbechter an 1898 zum Haaptobserveur ernannt gouf. 1893 krut hie vun der Universitéit Berlin de Professertitel, an 1894 eng ausseruerdentlech Professur.

Dem Scheiner seng Gréisst louch um praktesche Gebitt. Hien hat déi no him genannte Scheiner-Method entwéckelt, bei där wéinst preziser Himmelsobservatioun d'Rektaszensiounsachs (Polachs) vun der Montéierung astronomescher Instrumenter genee parallel zu der Rotatiounsachs vun der Äerd ausgeriicht gëtt. Bekanntheet krut de Scheiner och duerch populärwëssenschaftlech Virträg a Publikatiounen wéi Der Bau des Weltalls (1913) oder Populäre Astrophysik (Leipzig a Berlin, 2. Oplo 1912) oder duerch etlech Artikelen an Zäitschrëften an Zeitungen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Nachruf von Johannes Wilsing in Vierteljahrsschrift der Astronomischen Gesellschaft 49 (1914), S. 22-36