James Clerk Maxwell Telescope
D’James Clerk Maxwell Telescope (JCMT) ass e Radioteleskop fir Wellelängte am Submillimeterberäich mat enger Emfangsantenn vu 15 Meter am Mauna-Kea-Observatoire zu Hawaii. Et ass dat weltgréisst Radioteleskop, wat op dësem Wellelängtenberäich spezialiséiert ass.[1] Et gëtt fir Ënnersich vun eisem Sonnesystem, der interstellarer Matière, souwéi fir wäit Galaxie gebraucht.
Den JCMT ass duerch eng Kooperatioun tëschent Groussbritannien, Kanada an Holland entstanen. Et hrut säi Numm zu Éieren vum James Clerk Maxwell. Et gèett vum Joint Astronomy Centre gesteiert. An Zesummenaarbecht mam Caltech Submillimeter Observatory gouf fir d’alleréischt e Submillimeter-Interferometer geschaafen. Dëst erfollegräicht Experiment huet de Grondsteen fir d’Submillimeter Array an den Atacama Large Millimeter Array-Interferometer geluecht.
Um Spaweck [änneren]
- (en) JCMT Homepage
Referenzen [änneren]
- ↑ W.S. Holland et al, SCUBA: a common-user submillimetre camera operating on the James Clerk Maxwell Telescope, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society: Letters Volume 303 Issue 4, Pages 659 - 672, 2002