Gemini-Observatoire
De Gemini-Observatoire bedreift op der Nord- an op der Südhallefkugel vun der Äerd zwéi grouss Spigelteleskope mat 8,1 m Haaptspigelduerchmiesser fir Observatiounen am visuellen an Infraroutliicht.
De Gemini-Observatoire ass en internationale kollektive Projet mat Bedeelegunge vun den USA (National Science Foundation (NSF) 51,4%), vu Groussbritannien (Particle Physics and Astronomy Research Council (PPARC) 22,9%), vu Kanada (National Research Council NRC 12,9%), vu Chile (Comisión Nacional de Investigación Cientifica y Tecnológica CONICYT 3,6%), vun Australien (Australian Research Council ARC 4,6%), vun Argentinien (Consejo Nacional de Investigaciones Científicas y Técnicas CONICET 2,3%) a vu Brasilien (Conselho Nacional de Desenvolvimento Científico e Tecnológico CNPq 2,3%).
Fir souwuel de Nord- wéi och de Südhimmel observéieren ze kënnen goufen zwéin Teleskope vun der 8m-Klass gebaut. Dat nërdlecht Teleskop ass als Deel vum Mauna-Kea-Observatoire op der Insel Hawaii (Koordinaten:
19° 49’ 25.96’’ N 155° 28’ 11.39’’ W) dat südlecht um Cerro Pachón a Chile (Koordinaten:
30° 14’ 26.70’’ S 70° 44’ 12.09’’ W). D'Teleskope sinn 2000 (Gemini-Nord) respektiv 2002 (Gemini-Süd) an de wëssenschaftleche Betrib gaangen. D'Haaptquartéier ass zu Hilo um Terrain vun der University of Hawaii. Déi zwéin Teleskope si fräi fir d'Astronomen aus deene 7 Länner.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gemini-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Gemini homepage