United Kingdom Infrared Telescope

Vu Wikipedia

De United Kingdom Infrared Telescope (UKIRT) ass een astronomescht Teleskop dat op Observatiounen am Infrarout spezialiséiert ass. Et huet en Haaptspigelduerchmiesser vun 3,8 m a steet um Terrain vum Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii.

United Kingdom Infrared Telescope
United Kingdom Infrared Telescope an der Owenddämmerung

Den UKIRT gehéiert dem brittesche Science and Technology Facilities Council a gëtt vum Joint Astronomy Center vun Hilo bedriwwen. Et gouf an den 1970er als relativ präisgënschtegt Teleskop fir Observatiounen am Infraroutberäich tëscht 1 an 30 Mikrometer Wellelängt entworf a goung 1979 a Betrib. Déi deemools gebraucht Detektertechnologie am Infrarout hat kleng Ufuerderungen un d'Ofbildungsqualitéit par Rapport zu opteschen Teleskope gestallt, soudatt zum Beispill den Haaptspigel dënn a liicht ausgeluecht konnt ginn. Zanterhir gouf et duerch verschidden Ännerungen den haitegen Ufuerderungen ugepasst a liwwert typesch eng Bildqualitéit ënner enger Bousekonn am noen Infrarout. Den UKIRT ass ëmmer nach dat weltgréisst komplett op Infraroutobservatioune spezialiséiert Teleskop, och wann et a ville Leeschtungsberäicher an der Tëschenzäit vun optesch-infrarouden Teleskope vun der 8-Meter-Klass wéi dem Very Large Telescope iwwertraff gëtt.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'Instrumenter vum UKIRT gouf zanter et a Betrib ass en ettlechmol moderniséiert. 2008 hat et dräi Instrumenter fir de Cassegrainfokus an eng Kamera mat groussem Gesiichtsfeld vum Cassegrainfokus.

  • CGS4 ass e gekillte Gitterspektrometer mat 90 Bousekonne Spaltlängt a spektraler Opléisung tëscht 1.000 an 30.000.
  • UFTI ass eng 1024x1024-Pixel-Kamera fir Wellelängten tëscht 0,8 an 2,5 Mikrometer.
  • UIST ass eng 1024x1024-Pixel-Kamera mat Spektrometer fir Wellelängten tëscht 0,8 a 5 Mikrometer, mat zousätzlechem Modus fir e Feld vun 3x6 Bousekonnen ofzebilden.
  • WFCAM ass eng Kamera mat groussem Gesiichtsfeld mat véier 2048x2048-Pixel-Chips déi jee ee Feld mat ongeféier 13,6 Bouminutte Säitelängt, zesummen also ongeféier 0,2 Quadratgrad ofdecken.

Aktuelle Betrib[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Betribsufank vum WFCAM am Joer 2004 ass de wichtegste Projet um UKIRT d'Himmelsduerchmusterung UKIRT Infrared Deep Sky Survey (UKIDSS), déi ongeféier 80 % vun där am Groussfeldmodus mat WFCAM disponibeler Zäit ausfëllt. De WFCAM brauch ongeféier 60 % vun der Teleskopzäit, déi aner 40 % si fir Observatioune mat de Cassegraininstrumenter.

De Science and Technology Facilities Council, huet annoncéiert datt den Teleskop deen zanter 2010 an engem sougenannte Minimalist Operating Mode bedriwwe gëtt, Enn 2013 soll zougemaach ginn oder datt seng Aktivéiten transferéiert solle ginn.[1] Wëssenschaftler hunn dat ganz traureg fonnt, an als Aschnëtt an d'Wëssenschaft betruecht.[1]

Verschidden Observatoiren[änneren | Quelltext änneren]

Den UKIRT (deemools Infrarot-Flux Collector) am Verglach zu den anere groussen opteschen Teleskopen.

# Numm /
Observatoire
Bild Apertur Spektrum Altitud Éischt Liicht
1 BTA-6
Special Astrophysical Obs
238 inch
605 cm
Visuell 2070 m
(6791 ft)
1975
2 Hale Teleskop
Palomar Obs.
200 inch
508 cm
Visuell 1713 m
(5620 ft)
1949
3 Mayall Teleskop
Kitt Peak National Obs.
158 inch
401 cm
Visuell 2120 m
(6955 ft)
1973
4 Blanco Teleskop
CTIO Obs.
158 inch
401 cm
Visuell 2200 m
7217 feet
1976
5 Anglo-Australian Teleskop
Siding Spring Obs.
153 inch
389 cm
Visuell 1742 m
(5715 ft)
1974
6 United Kingdom Infrared Telescope
Joint Astronomy Centre
150 inch
380 cm
Infrarout 4205m
(13,800 ft)
1979
7 ESO 3.6 m Teleskop
ESO La Silla Obs.
140 inch
357 cm
Visuell
Infrarout
2400 m m
(7874 ft)
1977
8 Shane Teleskop
Lick-Observatoire
120 inch
305 cm
Visuell 1283 m
(4209 ft)
1959

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Farewell UKIRT