La Silla-Observatoire
De La-Silla-Observatoire op dem 2.400 m héije Bierg La Silla war den éischten Observatoire vun der ESO a Chile, zu deem an der Tëschenzäit e weideren Observatoire op dem Cerro Paranal derbäikoum.
Scho virun der offizieller Grënnung vun der ESO 1964 war d'Sich no enger villverspriechender Standplaz fir een astronomeschen Observatoire op der Südhallefkugel vun der Äerd ugelaf. No enger Sich a Südafrika hat sech awer séier d'Interessi op eng Standplaz no bei der Küst vum nërdleche Chile fonnt. D'Entscheedung ass op de Bierg Cinchado ongeféier 160 km nërdlech vu La Serena gefall, deen no senger Form och La Silla (spuen. de Suedel) genannt gëtt. D'Plaz vum ESO-Observatoire hat hir Ouverture am Joer 1969.
Op La Silla gëtt et vill Teleskopen déi zum Deel vum ESO selwer, zum Deel awer och vun aneren Instituter an Universitéite bedriwwe goufen a ginn. Vill kleng Teleskope sinn an der Tëschenzäit ausser Betrib, La Silla spillt awer och am Kader vum Very Large Telescope vum Paranal-Observatoire vun der ESO eng wichteg Roll.
| Teleskop | Duerchmiesser | Aart | Bemierkungen |
|---|---|---|---|
| ESO 3.6m | 3,6 m | Optesch/Infrarout | ESO, zënter 1976 (zënter 2003 mat dem HARPS [1] ausgerëscht) |
| New Technology Telescope NTT | 3,5 m | Optesch/Infrarout | ESO, zënter 1989 |
| 2.2m | 2,2 m | Optesch/Infrarout | Geléint vun der MPG, zënter 1984 |
| ESO 1.52m | 1,52 m | ESO, zënter 2002 ausser Betrib[2] | |
| Danish 1.5m | 1,5 m | Dänemark, 1979 | |
| Coudé Auxiliary Telescope CAT | 1,4 m | Hëllefsteleskop fir de Coudéspektrograph vum ESO 3,6m | ESO, zënter 2006 am Observatoire Lund |
| Geneva 1.2m | 1,2 m | Sich no Exoplanéiten | Schwäiz |
| Schmidt-Teleskop | 1m | ESO, 1971, am Ëmbau | |
| ESO 1m | 1 m | speziell fir Photometrie | ESO, ausser Betrib |
| DENIS | 1 m | speziell fir Himmelsduerchmusterung am Infrarout | Frankräich |
| Marly 1m | 1 m | EROS-Projet | Frankräich, ausser Betrib |
| Dutch 90cm | 0,9 m | Holland, 1979, ausser Betrib | |
| Bochum-Teleskop | 0,61 m | Univ. Bochum, 1968, ausser Betrib | |
| ESO 50cm | 0,5 m | ESO, 1971, ausser Betrib | |
| Danish 50cm | 0,5 m | Dänemark, 1971, ausser Betrib | |
| Grand Prism Objectif GPO | ESO, 1968, ausser Betrib | ||
| Marseille 40cm | 0,4 m | Frankräich, ausser Betrib | |
| Swedish ESO Submillimeter Telescope SEST | 15 m | Submillimeter/Millimeter | Schweden, ESO, 1987, ausser Betrib |