Mauna Kea-Observatoire
Op 4.200 Meter Héicht um Vulkan Mauna Kea op Hawaii, der gréisster Insel vum Archipel, steet ee vun de bedeitendsten astronomeschen Observatoire vun eiser Zäit. Obwuel d'Teleskope um Mauna Kea vu verschiddene Universitéite an Institutioune aus 11 Natioune bedriwwe ginn, gi si kollektiv als Mauna-Kea-Observatoire bezeechent.
D'Plaz vum Observatoire ass fir de Betrib ideal, well an dëser Héicht d'Loft schonns zimlech dënn ass an extrem dréchen (eng Viraussetzung fir Infraroutastronomie), a well d'Spëtzt vum Bierg normalerweis iwwer de Wolleke läit. D'Qualitéit vun astronomesche Fotoen ass doduerch vill méi héich.
Tëschent 1968 an 1999 goufen am Ganzen néng Spigelteleskope fir den optesche an infraroude Spektralberäich a Betrib geholl, dorënner d'Gemini North- an d'Subaru-Teleskop mat engem Haaptspigel vu jee aacht Meter Duerchmiesser, souwéi déi béid Teleskope vum W. M. Keck Observatire, déi een (aus ville klengen, sechseckege Segmenter zesummesetzt) Haaptspigel vun 10 Meter Duerchmiesser hunn a bis Juli 2007 déi gréissten optesch Teleskope vun der Welt duerstellen. Ofgeléist goufen si duerch d'Gran Telescopio Canarias, wou de Spigelduerchmiesser 10,4 m grouss ass. Dës béid Teleskope kënnen och zesummen als optescht Interferometer bedriwwe ginn.
Niewent den opteschen Teleskope gëtt et och dräi Instrumenter fir den Submillimeter-Beräich (Mikrowelle). D'Submillimeter Array besteet aus aacht Antennen mat engem Duerchmiesser vu jee sechs Meter a gouf eréischt am Joer 2002 fäerdeg gebaut. Um Mauna-Kea steet och nach ee Radioteleskop vu 25 Meter Duerchmiesser, dat zesummen mat anere Radioteleskope weltwäit als radioastronomescht Interferometer zum Asaz kënnt.
| Teleskop | Duerchmiesser | Art | Bedreiwer | Zënter |
|---|---|---|---|---|
| UH 0.6m | 0,6 m | Optesch | University of Hawaiʻ i | 1968 |
| UH 2.2m | 2,2m | Optesch/Infrarout | University of Hawaii | 1970 |
| United Kingdom Infrared Telescope UKIRT | 3,8m | Infrarout | Groussbritannien | 1979 |
| Infrared Telescope Facility IRTF | 3,0m | Infrarout | NASA | 1979 |
| Canada-France-Hawaii Telescope CFHT | 3,6m | Optesch/Infrarout | Kanada, Frankräich, Univ. Hawaii | 1979 |
| Caltech Submillimeter Observatory CSO | 10,4m | Submillimeter | Caltech, NSF | 1987 |
| James Clerk Maxwell Telescope JCMT | 15m | Submillimeter, Millimeter | Groussbritannien, Kanada, Holland | 1987 |
| Eng Antenn vum Very Long Baseline Array | 25m | Radio | NRAO, AUI, NSF | 1992 |
| Keck I | 10m | Optesch/Infrarout | Caltech, University of California | 1992 |
| Keck II | 10m | Optesch/Infrarout | Caltech, University of California | 1996 |
| Subaru-Teleskop | 8,2m | Optesch/Infrarout | NOAJ (Japan) | 1999 |
| Gemini-Nord | 8,1m | Optesch/Infrarout | Gemini-Observatoire | 1999 |
| Submillimeter Array SMA | 8 * 6m | Submillimeter-Interferometer | Smithsonian Astrophysical Observatory, Taiwan | 2002 |
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Maun-Kea-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |