Mauna Kea-Observatoire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 19° 49’ 34’’ N 155° 28’ 33’’ W
D'Kuppele vum Subaru-Teleskope, déi zwéi Keck-Teleskopen an den IRTF um Mauna Kea

Op 4.200 Meter Héicht um Vulkan Mauna Kea op Hawaii, der gréisster Insel vum Archipel, steet ee vun de bedeitendsten astronomeschen Observatoire vun eiser Zäit. Obwuel d'Teleskopen um Mauna Kea vu verschiddene Universitéite an Institutioune aus 11 Natioune bedriwwe ginn, gi si kollektiv als Mauna Kea-Observatoire bezeechent.

D'Plaz vum Observatoire ass fir de Betrib ideal, well op där Héicht d'Loft schonn zimlech dënn ass an extrem dréchen (eng Viraussetzung fir Infraroutastronomie), a well d'Spëtzt vum Bierg normalerweis iwwer de Wolleke läit. D'Qualitéit vun astronomesche Fotoen ass doduerch méi héich.

Tëscht 1968 an 1999 goufen am Ganzen néng Spigelteleskope fir den opteschen an infraroude Spektralberäich a Betrib geholl, dorënner d'Gemini North- an d'Subaru-Teleskop mat engem Haaptspigel vu jee aacht Meter Duerchmiesser, souwéi déi zwee Teleskope vum W. M. Keck Observatire, déi een (aus ville klenge sechseckege Segmenter zesummegesaten) Haaptspigel vun 10 Meter Duerchmiesser hunn a bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt duerstellen. Si goufen duerch d'Gran Telescopio Canarias mat engem Spigelduerchmiesser vun 10,4 m ofgeléist. Déi béid Teleskope kënnen och zesummen als opteschten Interferometer bedriwwe ginn.

Nieft den opteschen Teleskope gëtt et och dräi Instrumenter fir de Submillimeter-Beräich (Mikrowelle). D'Submillimeter Array besteet aus aacht Antennen mat engem Duerchmiesser vu jee sechs Meter a gouf eréischt am Joer 2002 fäerdeg. Um Mauna-Kea steet och nach ee Radioteleskop vu 25 Meter Duerchmiesser, dat zesumme mat anere Radioteleskope weltwäit als radioastronomeschen Interferometer zum Asaz kënnt.

Teleskopen op dem Mauna Kea
Teleskop Duerchmiesser Art Bedreiwer Zanter
UH 0.6m 0,6 m Optesch University of Hawaiʻ i 1968
UH 2.2m 2,2m Optesch/Infrarout University of Hawaii 1970
United Kingdom Infrared Telescope UKIRT 3,8m Infrarout Groussbritannien 1979
Infrared Telescope Facility IRTF 3,0m Infrarout NASA 1979
Canada-France-Hawaii Telescope CFHT 3,6m Optesch/Infrarout Kanada, Frankräich, Univ. Hawaii 1979
Caltech Submillimeter Observatory CSO 10,4m Submillimeter Caltech, NSF 1987
James Clerk Maxwell Telescope JCMT 15m Submillimeter, Millimeter Groussbritannien, Kanada, Holland 1987
Eng Antenn vum Very Long Baseline Array 25m Radio NRAO, AUI, NSF 1992
Keck I 10m Optesch/Infrarout Caltech, University of California 1992
Keck II 10m Optesch/Infrarout Caltech, University of California 1996
Subaru-Teleskop 8,2m Optesch/Infrarout NOAJ (Japan) 1999
Gemini-Nord 8,1m Optesch/Infrarout Gemini-Observatoire 1999
Submillimeter Array SMA 8 * 6m Submillimeter-Interferometer Smithsonian Astrophysical Observatory, Taiwan 2002

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maun-Kea-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie