Very Long Baseline Array
D'Very Long Baseline Array (VLBA) ass e Radiointerferometer mat deem no der Method vum VLBI Radioobservatioune vun astronomeschen Objete mat héchster Wénkelopléisung gemaach kënne ginn.
Déi 10 Antenne vum VLBA mat jee 25 m Duerchmiesser an 240 Tonne Gewiicht sinn iwwer zéng Plazen an den USA verdeelt:
- Mauna-Kea-Observatoire, Hawaii
- Owens Valley Radio Observatory, Kalifornien
- Brewster, Washington
- North Liberty, Iowa
- Hancock, New Hampshire
- Kitt-Peak-Nationalobservatoire, Arizona
- Pie Town, New Mexico
- Fort Davis, Texas
- Los Alamos, New Mexico
- St. Croix, Amerikanesch Jonkferninselen
Déi gréissten Distanz tëschent dëse Plazen ass 8611 km. D'Antennen hunn Emfänger fir 10 Frequenzberäicher tëschent 300 MHz a 86 GHz. Duerch déi laang Basislinnen tëschent de Standplaze erreecht d'VLBA, jee no Frequenz, eng Wénkelopléisung vun deelweis manner wéi eng dausendstel Bousekond.
Mat dem Bau vum VLBA gouf 1986 ugefaangen. 1993 gouf et ageweit a gëtt vum National Radio Astronomy Observatory an den USA bedriwwen. D'Zentral ass zu Socorro, op der Plaz vum Very Large Array.