Rotatiounsbou

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rotatiounsbou vun enger Galaxis;
blo beschreift den Zesummenhank wou ugeholl gouf, gro ass den tatsächlech observéierten.

De Rotationsbou  v(r) vun enger Galaxis beschreift den Zesummenhank tëschent hirer Rotatiounsvitesse an dem Ofstand vum Galaxienzentrum.

Duerch Observatioune vun der Doppler-Verrécklung a vu Spektrallinnen an de Stärespektren gouf an de 70er Jore festgestallt, datt d'Galaxië weder wéi e starre Kierper (Rotatiounsbou: Urspronksfläch, gréng am Bild) nach wéi e Kepler-System (séieren Offall vum Rotatiounsbou no baussen hin; blo am Bild) rotéieren, wéi et vun engem gravitativ gebonnene System z'erwaarde wier.
A Wierklechkeet bleiwen d'Rotatiounsbéi vu ville Galaxien, och dee vun der Mëllechstrooss, laang konstant (flaache Rotatiounsbou; rout am Bild) - no engem Opsteigen a de bannenzege Beräicher, deen der Rotatioun vun engem starre Kierper entsprécht (gro am Bild).

Als Erklärung gëtt ugeholl, datt an de Galaxië vill méi Matière ass, wéi ee gesi kann. Dat hat zu der Hypothes vun der donkler Matière gefouert.


Déi differentiell Rotatioun vun der Mëllechstrooss gëtt duerch d'Oort-Konstant beschriwwen.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie