Schmidt-Cassegrain-Teleskop

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stralegank vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop
Schmidt-Cassegrain-Teleskop mat 8 Zoll (205 mm) Spigelduerchmiesser

De Schmidt-Cassegrain-Teleskop zielt zu de Spigelteleskopen. D'Ausféierung vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop geet op d'Schmidt-Teleskop vum bedeitenden Optiker Bernhard Schmidt zréck. Dobäi gëtt awer duerch e puer Kompromësser, déi aus praktesche Grënn agaange goufen, d'Leeschtungsfäegkeet vun der Schmidt-Kamera net erreecht. Duerch d'Kombinatioun vu Lënsen a Spigelen handelt et sech ëm ee katadioptrescht System.

Am Tubus vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop gëtt dat afalend Liicht vun engem sphäreschen Haaptspigel (Primärspigel) gebëndelt an op de Faangspigel (Sekundärspigel) zréckgeworf. Am Ënnerscheed zum Newton-Teleskop gëtt d'Liicht vum Sekundärspigel net säitlech aus dem Tubus erausdirigéiert, mä an d'Mëtt vum Haaptspigel zréckgeworf. Op där Plaz ass den Haaptspigel duerchgebuert, sou datt d'Liicht do aus dem Tubus eraus op d'Okular fält. De Faangspigel ass an der Mëtt vun enger dënner Glasscheif (Schmidt-Plack) mat enger Spigelfaassung als separat optescht Glid ugemaach. D'Aufgab vun dëser Korrektiounsplack ass et, d'sphäresch Aberratioun vum Haaptspigel ze behiewen an d'Koma vum ganze System ze miniméieren. Den Ënnerscheed zum Maksutov-Cassegrain-Teleskop läit an der Korrektiounsplack, déi beim Maksutov-Cassegrain ganz déck a gebéit ass (Meniskuslëns).

[änneren] Um Spaweck

Commons: Schmidt-Cassegrain telescopes – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen