Orioniden
D'Orioniden sinn ee vun de fënnef aktivste Meteorstréim. Si maachen sech all Joer an de Mueresstonnen vum 19. bis den 23. Oktober als Schwarm vu Stäreschnuppe bemierkbar.
Déi kleng Kierper sinn e puer Milligramm schwéier, produzéieren awer wéinst hirer héijer Vitesse trotzdeem eng hell Liichtspur duerch Ioniséierung vun de Loftdeelercher an der héijer Atmosphär. Am Géigesaz zu sporadesche (zoufälleg verdeelten) Meteore hunn si wéinst dem kollektiven Urspronlskoméit bal parallel Bunnen am Raum.
Doduerch schéngen si um Himmel aus hirem Fluchtpunkt, dem sougenannte Radiant ze kommen, deen eppes nërdlech vum Stärebildkapp vum Orion läit. Duerchschnëttlech kann een fräiaeg baussent vu grousse Stied pro Stonn ongeféier zéng vun dëse Spure gesinn, déi och mat Radarmethode méi genee ënnersicht goufen.
D'Orioniden sin, lacker Wolleke vu verstreetem Material vum Halleyeschen Koméit, déi sech am Laf vun de Joerdausende duerch Aflëss klenger Bunnstéierunge an dem Sonnewand op der ganzer Koméitebunn verdeelt hunn. Och d'Eta-Aquariden vun der éischter Meehalschente stamen vum Koméit Halley, allerdings vun enger anerer Plaz vu senger schmueler Ellipsbunn.
| Orioniden[1] | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 2. Oktober - 7. November |
| Aktivitéitsmaximum | 21. Oktober |
| Radiantepositioun vum Maximum |
RA: 6 h 20 m DE: +16° |
| ZHR | 25 |
| Populatiounsindex | 2,5 |
| geozentresch Vitesse | 66 km/s |
[änneren] Referenzen
[änneren] Literatur
- Cuno Hoffmeister: Meteorströme. Joh. Ambr. Barth Verlag, Leipzig (1948)
- Fritz Heide: Kleine Meteoritenkunde. Verständliche Wissenschaft Band 23, Springer-Verlag, Berlin 1957