Eta-Aquariden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Eta-Aquariden | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 19. Abrëll - 28. Mee |
| Aktivitéitsmaximum | 6. Mee |
| Radiantepositioun vum Maximum |
RA: 22h 32m DE: -1° |
| ZHR | 60 |
| Populatiounsindex | 2,4 |
| geozentresch Vitesse | 66 km/s |
D'Eta-Aquariden sinn e Meteorstroum, deen en all Joer am Mee ka gesinn. Si stame vum berühmten Halleyesche Koméit of. Zënter zwee Joerdausende gëtt dee Koméit schonns observéiert. Den Numm "Aquaride" geet op déi laténgesch Bezeechnung vum Stärebild Aquarius zréck.
D'Eta-Aquaride si vu Mëtteleuropa aus nëmme kuerz virun der Dämmerung ze gesinn. Well hire Radiant nëmmen eng kleng Héicht iwwer dem Horizont erreecht, hunn d'Meteore vun den Eta-Aquariden e flachen Antrëttswénkel an d'Atmosphär, wouduerch d'Meteorbunnen um Himmel méi laang wéi gewéinlech erschéngen.