Aquarius (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Aquarius
Lëtzebuergeschen Numm Waassermann
Laténgeschen Numm Aquarius
Laténgesche Genitiv Aquarii
Lat. Ofkierzung Aqr
Lag Ekliptik
Rektaszensioun 20h 38m bis 23h 56m
Deklinatioun +3° 20´ bis -24° 55´
Fläch 980 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegrad 65° Nord bis 87° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Unzuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Aquarii (Sadalsuud),
2,90m
Meteorstréim Eta-Aquariden
Delta-Aquariden
Iota-Aquariden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Pegasus
Equuleus
Delphinus
Aquila
Capricornus
Piscis Austrinus
Sculptor
Cetus
Pisces
Stärebildkart vum Aquarius (Waassermann)
Stéch vum Stärebild Aquarius

Den Aquarius (lat), (lëtz.: Waassermann) ass e Stärebild dat op der Ekliptik läit.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Aquarius ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Pegasus. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi drëtt Gréissteklass. Den Aquarius gehéirt zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild leeft. D'Sonn steet vum 21. Januar bis de 26. Februar all Joer am Aquarius.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel den Aquarius keen opfällegt Stärebild duerstellt, zielt et awer zu den eelste bekannte Konstellatiounen. Fir d'Mënschen aus der Antikitéit muss et eng gréisser Bedeitung als Kalennerzeeche gehat hunn. Wann d'Sonn an de Waassermann koum, huet dat den Zäitpunkt vun der Reenzäit markéiert. Méiglechweis staamt dovun den Numm. Och e ganze Koup vun Nopeschstärebiller hunn och eppes mat Waasser ze dinn.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Namen m M Lj Spektralklass
β 22 Sadalsuud 2,90 -3,5 610 G0 Ib
α 34 Sadalmelik 2,95 -3,9 760 G2 Ib
δ 76 Skat, Scheat 3,27 -0,18 160 A3 V
γ 48 Sadachbia, Sadalachbia 3,86 0,44 158 A0
ζ1,2 55 Bunda 3,65 105 F6IV + F3 V
c2 88 3,86 -0,60 105 F6IV + F3 V
λ 73 Hydor, Ekkhysis 3,73 -1,7 390 M2 III
ε 2 Albali 3,78 -0,46 230 A1 V
b1 98 3,96 0,48 162 K0 III
η 62 4,04 0,29 184 B9 IV
τ2 71 4,05 -1,3 380 M0 III
θ 43 Ancha 4,17 0,33 191 G8 III-IV
φ 90 4,22 0,05 222 M2 III
ψ1 91 4,24 0,95 148 K0 III
ι 33 4,29 0,67 173 B9 IV
b2 99 4,38 -0,50 K4 III
ψ2 93 4,41 -0,56 320 B5 V
ζ2 4,42 1,91 103 F3 IV
k 3 4,43 -1,2 450 M3 III
c1 86 4,48 0,67 188 G8 III
ω2 105 4,49 1,12 154 B9 V
ν 13 Abulaan 4,50m 1,00 164 G8 III
ζ1 4,59 2,08 103 F6 IV
ξ 23 Abulaan 4,68 1,0 179 A7 V
g 66 4,68 -1,2 490 K3 III
b 2 101 4,70 -0,3 320 A0 V
c2 89 4,71 -1,3 520 A3 IV
μ 6 4,73 1,34 155 A3m
ο 31 4,74 -0,6 380 B7 Ve
π 52 Seat 4,80 -2,8 1100 BI Ve
σ 57 4,82 0,27 265 A0 IV
A 2 104 4,82 -1,7 640 M3 III
Χ 92 4,93 -1,5 640 M3 III
ω1 102 4,97 1,91 134 A7 IV
ψ3 95 4,99 0,58 250
κ 63 Situla 5,04 0,76 234 K2 III
25 5,10 0,76 241 K0 III
47 5,12 1,37 183 K0 III
1 5,15 0,77 245 K1 III
108 5,17 0,2 320 Ap Si
97 5,19 0,88 237 A3 V
94 5,20 3,62 68 G6 / G8 IV
106 5,24 0,2 330 B9 V
68 5,24 0,68 266 G8 III
HR 8987 5,27 0,60 280 K3 III
107 5,28 1,21 212 F2 V
32 5,29 1,04 231 A5m
41 5,33 0,65 281 K1 III
42 5,34 -0,5 480 K1 III
ρ 5,35 -1,4 750 B8 III
103 5,36 -0,9 580 K4 / K5 III
38 5,43 -0,8 560 B5 III
83 5,44 1,63 188 F2 V
18 5,48 2,07 157 F0 V
21 5,48 0,0 410 K4 III
7 5,49 -0,8 600 K5 III

De Beta Aquarii ass mat enger visueller Magnitude vun 2,90m den hellste Stär am Aquarius. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G0 Ib op enger Distanz vu 610 Liichtjoer. Den Numm Sadalsuud ass arabesch a bedeit souvill, wéi „d'Gléck vum Gléck“.

Den zweethellste Stär, den Alpha Aquarii (Sadalmelik, arabesch „d'Gléck vum Kinnek“), ass 760 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G2 Ib. Hien huet den 80fachen Duerchmiesser an déi 6.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De Gamma Aquarii (Sadachbia, arabesch „d'Gléck vun den Zelter“), ass 158 Liichtjoer ewech.

Den Delta Aquarii läit op enger Distanz vun 160 Liichtjoer an huet d'Spektralklass A3 V. Als Urspronk vu sengem Numm Skat gëtt meeschtens „Been“ genannt. Et kéint ursprénglech awer och „Wonsch“ bedeit hunn.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
ζ 4,42 / 4,59 1,67"
ψ 4,24 / 10 / 10 49,6/0,3"
ω2 4,49 / 4,97 46,8"
τ2 4,05 / 5,86 39"
41 5,6 / 7,1 5,0"
94 5,3 / 7,3 12,6"
101 4,8 / 7,1 1,2"
104 4,82 / 8,58 113"
κ 5,04 / 8,8 98,8"
107 5,7 / 6,7 6,8"

Den ζ Aqr ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Zwéi gläichgrouss Stäre kreesen ëm ee gemeinsame Schwéierpunkt, woufir si ronn 800 Joer brauchen. D'System ka schonn an engem klengen Teleskop an zwéi Stären, déi wäiss liichten, opgeléist ginn.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet m Period Typ
λ 3,73 bis 3,8 onregelméisseg Verännerlecher
π 4,42 bis 4,70 Gamma-Cassiopeia-Typ
ο 4,68 bis 4,89 Gamma-Cassiopeia-Typ
R 5,8 bis 12,4 387 Deeg Mira-Stär

Den R Aquarii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 1.000 Liichtjoer. De Stär ännert an engem Zäitraum vun 387 Deeg seng Hellegkeet, woubäi an engem Rhythmus vun 24 Joer periodesch Schwankungen optrieden. Am Maximum ass de Stär 5,8m hell a kann nach just mam bloussen A gesi ginn. Am Minimum erreecht hien nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,4m. An deem Zäitraum brauch een natierlech e méi grousst Teleskop.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC verschiddener m Typ Numm
2 7089 6,4 Kugelstärekoup
72 6981 9,5 Kugelstärekoup
73 6994 8,5 Oppene Stärekoup
7009 9 Planetareschen Niwwel Saturnniwwel
7184 11 Galaxis
7293 7 Planetareschen Niwwel Helixniwwel
7492 11 Kugelstärekoup
7606 11 Galaxis
7727 10 Galaxis

Am Aquarius sinn dräi Objeten, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten, dem Messier-Katalog, opgeholl hat.

Den M 2 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 50.000 Liichtjoer.

Den M 72 ass och e Kugelstärekoup a läit op enger Distanz vun 60.000 Liichtjoer. Et ass de liichtschwaachste Kugelstärekoup am Messierkatalog.

Den M 73 ass keen echte Stärekoup, mä eng Grupp vu véier Stären an engem Ofstand vun 2.000 Liichtjoer.

Op ronn 3.000 Liichtjoer Distanz ass de planetareschen Niwwel NGC 7009, deen och Saturnniwwel genannt gëtt. Mat senger elliptescher Form erënnert hien eppes un d'Rankplanéite Saturn.

Am südlechen Deel fënnt een den Helixniwwel. Et ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 500 Liichtjoer. Mat engem Duerchmiesser vun 13 Bouminutten an enger Hellegkeet vu 7m ass et dee gréissten an hellste planetareschen Niwwel um Nuetshimmel.

Exoplanéiten / Planemos[änneren | Quelltext änneren]

Gliese876B

Beim Gliese 876 hëlleft keen optescht Instrument méi, fir de Begleeder z'erkennen: E Planemo. De Rouden Zwerg am Aquarius (Liichtkraaft: 0,0016 x Sonn, Mass: 0,32 x Sonn, Duerchmiesser: 0,36 x Sonn) ass 11 Milliarde Joer al an huet als Begleeder ee vun de klengsten entdeckte Planéiten. De Planemo vun der 8-facher Mass vun der Äerd an duebelem Duerchmiesser ëmkreest de Stär vun der Spektralklass M3,5 (Gréissteklass 10,15) all 1,94 Deeg an engem Ofstand vun 0,021 AE. Fir Liewen ass hien - egal op Gas- oder Gesténgsplanéit - wéinst vun senger kuerzer Distanz zum Stär mat 200 - 400 °C ze waarm (ähnlech: My Arae). Zwéi weider, och ganz waarm Exoplanéite mat der 1,6- an 0,5-facher Mass vum Jupiter ëmkreesen de Stär an nëmmen 0,21 bzw. 0,13 AE Ofstand.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aquarius – Biller, Videoen oder Audiodateien