Capricornus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Capricornus
Lëtzebuergeschen Numm Steebock
Laténgeschen Numm Capricornus
Lat. Genitiv Capricorni
Lat. Ofkierzung Cap
Lag Ekliptik
Rektaszensioun 20h 7m bis 21h 59m
Deklinatioun -8° 25´ bis -27° 35´
Fläch 414 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegraden 62° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer, Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
δ Cap (Deneb Algedi)

2,8 bis 3,1 m

Meteorstréim Alpha-Capricorniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Aquila

Sagittarius
Microscopium
Piscis Austrinus
Aquarius

Kaart vum Stärebild Capricornus

De Capricornus (laténgesch) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Capricornus (Steebock) ass e wéineg opfällegt Stärebild tëscht dem Aquarius an dem Sagittarius. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi 3. Gréissteklass (kuckt: Visuell Magnitude).

An eise Breete steet et am Summer an am Hierscht déif iwwer dem Horizont.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Capricornus (Steebock) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der antiker griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

D'Stärebild gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik doduerch leeft. D'Sonn steet all Joer vum 20. Januar bis de 16. Februar am Steebock.

An der Antikitéit huet d'Sonn op dem déifste Punkt vun hirer Bunn duerch de Steebock gaangen an huet Wantersonnewenn markéiert. D'geographesch Breed vun 23° 26´ Süd gëtt haut nach Wendekrees vum Steebock genannt, well op dësem Breedegrad d'Sonn zu der Wantersonnewend um Zenit steet. Effektiv huet sech den déifste Punkt vun der Sonnebunn opgrond vun der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs an d'Stärebild Sagittarius verréckelt.

Den 23. September 1846 huet de Johann Gottfried Galle den néngte Planéit Neptun no beim Stär δ Capricorni (Deneb Algedi) am Capricornus entdeckt.

Meteorstréim[änneren | Quelltext änneren]

De Radiant vum Meteorstroum vun den Alpha-Capricorniden ass am Capricornus. De Meteorstroum ka vum 15. Juli bis den 11. September observéiert ginn, woubäi de Maximum vu 6 bis 14 Meteore pro Stonn tëscht dem 1. an dem 2. August optrëtt.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm an aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
δ 40 Deneb Algedi, Scheddi 2,73 bis 2,93m 39 A5 IV
β 9 Dabih Major, Sadalzabih 3,05m 150 K
α2 6 Algiedi Secunda, Secunda Gedi 3,56m 120
γ 40 Nashira 3,68m 139 F0
ζ 34 3,77m
θ 23 4,08m
ν 8 Alshat 4,10m
ω 18 4,12m
ψ 16 4,13m
α1 5 Algiedi Prima, Prima Gedi 4,24m 1500 G3 Ib
ι 32 4,28m
A 21 4,49m
b 36 4,50m
ε 39 Kastra 4,51m
κ 43 4,72m
σ 7 4,77m
η 22 Arm 4,82m
π 10 Okul 5,08m
μ 51 5,08m
c 46 5,10m
υ 15 5,15m
φ 28 5,17m
τ 14 5,24m
σ 9 5,28m
χ 25 5,30m
λ 48 5,57m
ξ 2 5,84m
β2 Dabih Minor 6,09m

De Stär γ Capricorni ass 139 Liichtjoer vun eis ewech an huet d'Spektralklass F0. Den Numm Nashira staamt aus dem arabeschen a bedeit „Iwwerbrénger vu gudden Noriichten“. Well de Stär zimlech no bei der Ekliptik läit gëtt hie munnechmol vum Mound oder vu Planéite bedeckt.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
β 3,05m/6,09m 205"
α2 3,56m/11m 7"
α1 4,24m/9m 45"
ρ 4,8m/6,6m 257"
π 5,2m/8,5m 3,2"
σ 5,5m/9,0m 55"
ο 5,9m/6,7m 21,9"

De Capricornus huet eng Rei vun Duebelstäresystemer, déi scho mat klengen Teleskopen an Eenzelstären opgeléist kënne ginn.

Den zweethellste Stär am Steebock, β Capricorni (Dabih, arabesch „Schluechter“), besteet aus zwéi Stäre vun der Spektralklass F8 an A0. D'System läit op enger Distanz vun 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Opgrond vum groussen Wénkelofstand kënnen d'Stäre gutt mam Teleskop ënnerscheet ginn.

Den α Capricorni (Algiedi, arabesch „Geessebock“) gesäit e scho mat bloussem A blo als Duebelstär. D'Stäre α1 an α2 sinn allerdéngs net physikalesch unenee gebonnen, mä stinn nëmme vun der Äerd ausgesinn, an enger Richtung. Et handelt sech soumat ëm en „opteschen“ Duebelstär. Déi béid Stäre sinn allerdéngs och „echt“ Duebelstären.

Dee méi Hellen α2 ass 120 Liichtjoer ewech an huet e Begleeder vun der 11. Gréissteklass.

D'System α1 ass mat 1500 Liichtjore méi wäit ewech.

De ρ Cap ass 100 Liichtjoer ewech a besteet aus engem wäisse Stär vun der Spektralklass F2 an engem roudelzege Begleeder vun der Klass K1.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
δ 2,73m bis 2,93m 1,02277 Deeg Bedeckungsverännerleche Stär

De δ Capricorni ass e Bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol, deem seng Hellegkeet all 24,5 Stonnen ëm 0,2 m ofhëlt. Dësen Hellegkeetsoffall gëtt duerch e liichtschwaache Begleetstär ausgeléist. Am Maximum ass den δ Cap den hellste Stär am Steebock.

Den arabeschen Numm ass Deneb Algedi a bedeit „Schwanz vum Geessebock“.

Messier- an NGC-Objete[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
30 7099 7,3m Kugelstärekoup

Am Capricornus ass e Kugelstärekoup, deen de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) agedroen huet.

De M 30 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu ronn 40.000 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Capricornus – Biller, Videoen oder Audiodateien