Piscis Austrinus (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Südleche Fësch |
| Laténgeschen Numm | Piscis Austrinus |
| Laténgesche Genitiv | Piscis Austrini |
| Laténgesch Ofkierzung | PsA |
| Positioun | südlech vum Himmelsequator |
| Rektaszensioun | 21h 27m bis 23h 6m |
| Deklinatioun | -36° 27' bis -24° 49' |
| Fläch | 245 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | -90° bis +50° |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Spéitsummer |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Formalhaut (α PsA), 1,16m |
| Meteorstréim | Piscis-Austriniden |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Aquarius Capricornus Microscopium Grus Sculptor |
De Südleche Fësch, op latäin: Piscis Austrinus ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.
[änneren] Beschreiwung
De Südleche Fësch ass ee wéineg markant Stärebild südlech vum Aquarius. Nëmmen deen hellste Stär Formalhaut ass mat 1,16m opfalend hell. Déi aner Stäre sinn net méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
D'Stärebild steet vun eis aus gesinn déif um Horizont.
[änneren] Geschicht
De Südleche Fësch gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonns an der antiker griichescher Astronomie, vumPtolemäus beschriwwe goufen.
[änneren] Stären
| Stär | Numm | Gréisst |
|---|---|---|
| α PsA | Formalhaut | 1,16m |
| δ PsA | Aboras | 4,2m |
| ε PsA | 4,2m | |
| β PsA | 4,3m | |
| γ PsA | 4,4m | |
| η PsA | 5,4m |
Formalhaut (α Piscis Austrini) ass mat enger Distanz vu 25 Liichtjoer een Noper vun der Sonn. Säin Numm huet en arabeschen Urspronk an bedeit esouvill wéi „Maul vum Fësch“. Fotoe vum Weltraumteleskop Hubble weisen, datt de Stär vun enger Stëbsscheif vun 40 Milliarde Kilometer Duerchmiesser ëmginn ass. Wahrscheinlech huet de Fomalhaut ee gréissere Planéit op enger Distanz vu 7 bis 10 Milliarde Kilometer (dat ass ongeféier de 50 bis 70fachen Ofstand Äerd-Sonn).
[änneren] Duebelstären
| Objet | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| β PsA | 4,3m/7,8m | 30,3" |
| η PsA | 5,8m/6,8m | 1,8" |
Den Duebelstär β PsA steet op enger Distanz vun 150 Liichtjore vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen A0 a G2. Wéinst hirem relativ wäite Wénkelofstand kënne si schonns mat engem klengen Teleskop opgeléist ginn.
D'System η PsA ass 500 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et besteet aus zwéi liichtkräftege Stäre mat de Spektralklasse B7 an A2.
[änneren] Kuckt och
| Commons: Piscis Austrinus – Biller, Videoen oder Audiodateien |