Microscopium (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Mikroskop |
| Laténgeschen Numm | Microscopium |
| Laténgesche Genitiv | Microscopii |
| Laténgesch Ofkierzung | Mic |
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 20h 27m bis 21h 28m |
| Deklinatioun | -45° 05' bis -27° 27' |
| Fläch | 210 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 45° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer, nëmmen dee nërdlechen Deel |
| Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
| Hellste Stär, Gréisst |
γ Mic, 4,67m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Capricornus Sagittarius Indus Grus Piscis Austrinus |
D'Mikroskop, op laténgesch Microscopium ass e Stärebild vum Südhimmel.
Beschreiwung [änneren]
D'Mikroskop ass een onschäinbart Stärebild südlech vum Capricornus. Et huet 15 Stären vu 4. an 5. Gréissteklass, déi nach mam bloussen A gesinn kënne ginn.
Geschicht [änneren]
D'Stärebild gouf Mëtt vum 18. Joerhonnert vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert. Et schéngt, wéi wann de Lacaille d’Stärebild, fir déi eidel Plaz opzefëllen, tëschent den Sagittarius (Schütze) an de Grus (Kranech) agesat hätt.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| γ | 4,67m | 224 | G8 III | ||
| ε | 4,71m | 165 | A0 V | ||
| θ1 | 4,80m | 187 | A2p | ||
| α | 4,89m | 381 | G8 III | ||
| ι | 5,11m | 134 | F1 IV | ||
| ν | 5,12m | 216 | K0 III | ||
| HR 8076 | 5,20m | 354 | K2 III | ||
| HR 8104 | 5,25m | 109 | F5 V | ||
| ζ | 5,32m | 115 | F3 V | ||
| HR 7987 | 5,34m | 412 | K2 III | ||
| HR 8110 | 5,41m | 392 | K3 III | ||
| HR 7893 | 5,47m | 239 | K1 III | ||
| HR 7933 | 5,48m | 320 | B8 + B9V | ||
| HR 8202 | 5,50m | 176 | Am | ||
| δ | 5,69m | ||||
| θ2 | 5,76m | ||||
| β | 6,06m | ||||
| AU | 8,8m | 33 |
Den γ Microscopii läit op enger Distanz vun 224 Liichtjoer vun eis ewech. Dem giele Stär seng Spektralklass ass G8 III an hien huet den 10fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | Gréisst | Typ | |
|---|---|---|---|
| AU | 8,8m | Eruptiv Verännerlechen |
Den AU Microscopii ass e rouden Zwergstär op enger kuerzer Distanz vun 33 Liichtjoeren vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet huet nëmmen 8,8m. De Stär, dee vun enger Stëbsscheif ëmkreest ass, weist heiansdo Hellegkeetsausbréch.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Microscopium – Biller, Videoen oder Audiodateien |