Fomalhaut (Stär)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stär Formalhaut
DSS-Foto vum Stärfeld ëm Fomalhaut (Himmelsausschnëtt vu knapps 3 Grad)
Numm a Stärebild
Numm Formalhaut α Piscis Austrini
Stärebild: Piscis Austrinus
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 22h 57m 39.046s
Deklinatioun - 29° 37' 20.05"
visuell Magnitude + 1,17 mag
Spektralklass: A3 V
Astrometrie
Radial Vitesse: (+6,5 ± 0,5) km/s
Parallax (129,81 ± 0,47) mas
Distanz (25,13 ± 0,09) Lj
Physikalesch Eegeschaften
Mass: 2,59
Liichtkraaft: 17,3
Uewerflächentemperatur 8500 K
Rotatioun = 0,6 Deeg
Alter = zirka 200 Mio.
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnung α Piscis Austrini
FK5 867
Bright Star Catalogue HR 8728
CD −30° 19370
Flamsteed 24 Piscis Austrini
Henry-Draper-Katalog HD 216956
Hipparcos-Katalog HIP 113368
SAO-Katalog SAO 191524
Tycho-Katalog TYC 6977/1267/1
D'Stärebild Piscis Austrinus

De Fomalhaut (α Piscis Austrini) ass den hellste Stär am Stärebild Piscis Austrinus an den 18. an der Lëscht vun den hellste Stären um Himmel. Den Numm bedeit „Schnëss vum Wal“ (arab. (ar) fam al-ḥūt). Aner Nimm sinn: Difda al Auwel, Hastorang an Os Piscis Meridiani.

Physikalesch Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

Fomalhaut ass 25 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass wéi déi eppes méi waarm Vega en Haaptreiestär vun der Spektralklass A. Seng Uewerflächentemperatur läit bei 8500 K. Et gëtt ugeholl, datt d'Fomalhaut ongeféier 100 bis 300 Millioune Joer al ass. Seng Liewenszäit gëtt op ronn eng Milliard Joer geschat.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Fomalhaut ass e Member vum Castor-Bewegungskoup, zu deem ënner anerem och d'Vega gezielt gëtt. Den nächste Member vun dësem Bewegungskoup ass den TW Piscis Austrini (e verännerleche Stär vum Typ BY Draconis), läit nëmmen zirka 0,85 Liichtjoer vum Fomalhaut ewech an huet eng ähnlech Eegebewegung.

Déi béid Stäre schénge schwaach gravitativ gebonnen ze sinn a formen wahrscheinlech awer keen Duebelstäresystem. Et gëtt ugeholl, datt ähnlech Bewegungskéip e kollektive Urspronk als Stärekoup vu klenger Dicht haten.

Stëbsscheif an Exoplanéit[änneren | Quelltext änneren]

Stëbswollek an Ausschnëttsvergréisserung vum Fomalhaut b
Foto vun der Stëbscheif mat dem Hubble-Weltraumteleskop an dem ALMA-Observatoire

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Fomalhaut b 


Fomalhaut gëtt vun enger Stëbscheif ëmkreest, déi en Duerchmiesser vun ongeféier 40 Milliarde Kilometer huet. De Gravitatiounszentrum fält net mat dem Stär zesummen, mä ass ongeféier 15 Astronomesch Eenheeten (AE) vum Fomalhaut ewech. Et gëtt dofir e Planéit op enger Distanz vun zirka 7,4 bis 10,5 Milliarde Kilometer ëm de Stär ugeholl.[1]

D'Stëbsscheif weist eng Rankstruktur, vun där ugeholl gouf, datt si duerch d'Schwéierkraftwierkung vun engem Planéit verursaacht gëtt. D'infrarout Ofstralung vun der Scheif konnt schonn an den 1980er Joren duerch den Infrared Astronomical Satellite (IRAS) vun der NASA observéiert ginn. D'Stëbscheif ass banne bei enger Distanz vun ongeféier 133 AE vum Haaptstär schaarf ofgegrenzt an huet selwer eng Breet vu ronn 25 AE.

Den Exoplanéit emkreest den Zentralstär an engem mëttleren Ofstand vun ongeféier 115 AE banne vum vum bannenzege Stëbsrankbord vun der Exzentrizitéit vun der Ëmlafbunn vun 0,11 schwankt den Ofstand tëscht 102 an 128 AE a läit am Moment bei ongeféier 119 AE.

De Moossstaf am Bild lénks ënnen huet eng Längt vun 100 AE resp 13". Zum Vergläich: Déi däitlech begrenzte Bouscheif vu Fomalhaut am Bild ganz uewen huet en Duerchmesser vun 130".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fomalhaut – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bei einem Zweikörperproblem wäre die Rotationsachse „Stern-Planet“ durch das Gravitationszentrum entsprechend dem Kehrwert des Massenverhältnisses unterteilt.