Deneb Algedi (Stär)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vum Stärebild Capricornus

Den Deneb al Giedi (arab. "Schwanz vun der Geess") oder Scheddi ass den Numm vum Stär δ Capricorni (Delta Capricorni). De Scheddi ass e Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol, deem seng Hellegkeet mat enger Period vun 1,0022768 Deeg tëscht +2,73 mag an +2,93 mag variéiert. De Scheddi ass ronn 39 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datebank) an huet eng absolut Hellegkeet vu +1,8 mag. Säi Spektraltyp ass A6.

De Scheddi kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz rar!) vu Planéite bedeckt ginn.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie