Equuleus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Equuleus
Lëtzebuergeschen Numm Klengt Päerd
Laténgeschen Numm Equuleus
Laténgesche Genitiv Equulei
Laténgesch Ofkierzung Equ
Rektaszensioun 20h 56m bis 21h 26m
Deklinatioun +13° 00’ bis +2° 30’
Fläch 72 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 77° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
α Equulei (Kitalpha)
3,9m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Pegasus
Delphinus
Aquarius
Kaart vum Stärebild Equuleus

Den Equuleus ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Equuleus ass en onschäinbaart Stärebild. Et besteet aus véier Stären, déi de Kapp vum jonke Päerd duerstelle sollen. Nëmmen ee Stär ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.

Et fënnt een d'Stärebild, wann een dem südëstlechen Ausleefer vum Pegasus nogeet.

Den Equuleus ass dat zweetklengste Stärebild um Himmel. Nëmmen d'Kräiz vum Süden ass nach méi kleng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Equuleus gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antikitéit, déi dem Ptolemäus scho bekannt waren.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 8 Kitalpha 3,92m 186 G0 III
δ 7 4,49m 55 F7 V
γ 5 4,69m 120 F0 IV
β 10 5,16m
ε 1 5,23m 150 F5 + F7
3 5,61m
9 5,82m
4 5,94m
6 6,07m
λ 2 5,94m

Den α  Equulei, den hellste Stär am Equuleus, ass 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e giele Stär vun der Spektralklass G0 III. Den Numm Kitalpha ass arabesch a bedeit sou vill wéi „de viischten Deel vum Päerd“.

Duebelstäre[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
δ 5,0m/5,0m 0,35"
γ 4,7m/11,6m 2"
ε 6,0m/6,3m/7,2m 0,72"/

Den δ Equulei ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 55 Liichtjoer. Déi béid Komponenten ëmkreesen sech an nëmme 5,7 Joer.

Den γ Equulei ass en Duebelstär, dee mat bloussem A ze trennen ass, Viraussetzung ass natierlech e kloeren Nuetshimmel. Nieft dem 4,7m hellen Haaptstär gëtt a 6 Bouminutten Ofstand e 6,0m helles Stär siichtbar. Et handelt sech allerdéngs nëmmen ëm een „opteschen Duebelstär“, d. h., d'Stäre stinn vun der Äerd aus gekuckt an enger Richtung, leien awer op verschidden Distanzen.

Den Haaptstär ass tatsächlech e physikaleschen Duebelstär. Op engem Ofstand vun 2 Bousekonnen ass e liichtschwaache Begleeder vun der 11. Gréissteklass, deen gravitativ un den Haaptstär gebonnen ass.

D'System ε Equulei besteet aus véier Stären, déi ëm e kollektive Schwéierpunkt kreesen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
γ 4,58 bis 4,77m 12,2 Stonnen Alpha-CanesVenaticorum-Stär
R 8,0 bis 15,7m 261 Deeg Mira-Typ

Den Haaptstär vum System γ Equuleis ass e kuerzperiodeschen verännerleche Stär vum Typ Alpha-CanesVenaticorum.

Den R Equuleis ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Mira. Et handelt sech dobäi ëm liichtkräfteg rout Risen oder Iwwerrisen, déi sech rhythmesch opblosen a nees zesummen zéien, wat däitlech duerch Hellegkeetsschwankung ze gesinn ass. Während dem Maximum gëtt den R Equ sou hell, datt hie gutt mar engem klengen Teleskop ze gesinn ass. Am Minimum fält d'Hellegkeet op déi 15. Gréissteklass zréck.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
7015 m Galaxis
7040 m Galaxis
7040 m Galaxis
7045 m Galaxis
7046 m Galaxis

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Equuleus – Biller, Videoen oder Audiodateien