Delphinus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Delphinus
Lëtzebuergeschen Numm Delphin
Laténgeschen Numm Delphinus
Laténgesche Genitiv Delphini
Laténgesch Ofkierzung Del
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 20h 42m
Deklinatioun 13° 48'
Fläch 189 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 70° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
β Delphini (Rotanev)
3,63m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Vulpecula
Sagitta
Aquila
Aquarius
Equuleus
Pegasus
Kaart vum Stärebild Delphinus

Den Delphin (latäin: Delphinus) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Delphin ass e klengt, awer däitlecht Summerstärebild, dat d'Form vun enger Raut huet. Et steet nordwestlech vum helle Stär Atair am Aquila (Adler) a kann dofir liicht fonnt ginn.

Wéinst senger Positioun um Himmelsequator kann et op der ganzer Welt gesi ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Delphin gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antikitéit, déi schonn de Ptolemäus kannt huet.

D'Nimm Sualocin a Rotanev, sti fir déi hellst Stären a ginn op den italieneschen Astronom Niccolo Cacciatore zréck, dem Nofolger vum Giuseppe Piazzi am Observatoire vu Palermo. Liest een d'Stärennimm hannerzeg, ergëtt sech doraus „Nicolaus Venator“ eng laténgesch Form vum Cacciatores sengem Numm. Hien huet déi Nimm am Joer 1814 an ee Stärekatalog agedroen, an huet sech op déi Aart a Weis gläich zweemol um Himmel veréiwegt. Hien ass bis elo deen eenzegen Astronom deem sou eppes gelongen ass.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 6 Rotanev 3,63m F5 IV
α 9 Sualocin 3,77m B9 IV
γ 12 3,9m K1 IV + F7 V
ε 2 4,03m
δ 11 4,43m
ζ 4 4,64m
κ 7 5,07m
17 5,19m
η 3 5,39m
ι 5 5,42m
18 5,51m
16 5,54m
13 5,57m
θ 8 5,69m
10 6,01m
15 6,01m
1 6,03m
14 6,32m

De β Delphini (Rotanev), den hellste Stär am Delphinus, ass 80 Liichtjoer vun eis ewech. Hie gehéiert zu der Spektralklass F5 IV.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α
γ 4,3m/5,2m 9,2"

Den zweethellste Stär α Delphini (Sualocin) ass e Méifachstäresystem, dat aus sechs Komponente besteet, déi ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech sinn. D'Stäre stinn allerdéngs sou no beieneen, datt se nëmme mat engem groussen Teleskop z'observéiere sinn.

Den γ Delphini ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Déi béid Komponente gehéieren zu de Spektralklassen K0 an F7.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
R 7,6 bis 13,8m 285,5 Deeg Mira-Stär

Den R Delphini ass e verännerleche Stär vum Typ Mira dee seng Hellegkeet bannent enger Zäit vun 285,5 Deeg staark verännert

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
6891 10,5m Planetareschen Niwwel
6934 9,8m Kugelstärekoup
7006 11,5m Kugelstärekoup

De Kugelstärekoup 7006 ass mat 185.000 Liichtjoer extrem wäit ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Delphinus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien