Vulpecula (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Vulpecula
Lëtzebuergeschen Numm Fuuss
Laténgeschen Numm Vulpecula
Laténgesche Genitiv Vulpeculae
Laténgesch Ofkierzung Vul
Positioun Nërdleche
Fixstärhimmel
Rektaszensioun 18h 57m bis 21h 31m
Deklinatioun +19° 25´bis +29° 30´
Fläch 268 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 55° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
September
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
Anser (α Vulpeculae),
4,44m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Cygnus
Lyra
Hercules
Sagitta
Delphinus
Pegasus
Kaart vum Stärebild Vulpecula

D'Stärebild Vulpecula (laténgesch) Fuuss, oder Fiisschen läit um nërdlechen Himmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Fuuss ass en onschäinbaart Stärebild tëscht dem markanten Cygnus (Schwan) an dem Sagitta (Feil). Kee vu senge Stären ass méi hell wéi 4. Gréissteklass.

Duerch de Fuuss zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir huet hien eng Rei vun oppene Stärekéip.

Interessant Observatiounsobjete sinn d'Planetaresch Niwwelen M 27, och Hantelniwwel genannt, an den oppene Stärekoup Collinder 399.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild Vulpecula gouf Enn vum 17. Joerhonnert vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Ufanks huet et Vulpecula cum ansere, “Fuuss mat Gäns” geheescht. D'Gäns, déi de Fuuss unhält, ass haut keen offiziellt Stärebild méi. Nëmmen den Numm vum hellste Stär Anser (och Lukida Anseris genannt) erënnert un dat Gefliggeldéier.

Am Joer 1967 entdeckten d'Astronomen Antony Hewish an Jocelyn Bell Burnell vun der University of Cambridge am Vulpecula den éischte Pulsar (PSR 1919+21).

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 6 Anser, Lukida Anseris 4,44 297 M0 III
23 4,50 328 K3 III Fe-1
31 4,56 217 G7 III Fe-1
13 4,57 359 B9.5 III
NT 4,66 222 A4 III
1 4,76 911 B4 IV
QR 4,79 1200 B3 Ve
29 4,81 214 A0 V
12 4,90 619 B2.5 Ve
30 4,92 365 K2 III
9 5,00 609 B8 IIIn
32 5,03 740 K4 III
28 5,06 493 B5 IV
17 5,08 488 B3 V
4 5,14 237 K0 III
QS 5,18 4300 G3 Ib-II
NU 5,19 327 A7 Ivn
3 5,22 403 B6 III
16 5,23 211 F2 III
33 5,30 397 K3.5 III
24 5,30 472 G8 III
35 5,39 182 A1 V
ES 5,46 1900 B0.5 IV
10 5,50 357 G8 III
25 5,50 1800 B8 IIIne

Den hellste Stär am Fuuss ass den Anser (α Vulpeculae), et ass e Roude Ris op enger Distanz vun 297 Liichtjoer vun eiser Äerd.
Den Anser erschéngt am Teleskop als Duebelstär. Am Ofstand vun 414 Bousekonnen ass de Stär 8 Vulpeculae siichtbar. Tatsächlech leie béid Stären, nëmme vun der Äerd aus gesinn an enger Richtung. Si sti méi wéi 200 Liichtjoer vuneneen a sinn net iwwer d'Gravitatioun unenee gebonnen.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC Divers Numm m Typ
27 Hantelniwwel Planetareschen Niwwel
6802 Oppene Stärekoup
6823 Oppene Stärekoup
6830 Oppene Stärekoup
6885 Oppene Stärekoup
6940 Oppene Stärekoup
Collinder 399 Kleederbigel Oppene Stärekoup
Stock 1 Oppene Stärekoup

De M27, den Hantelniwwel (engl. Dumbbell Nebula), ass ee vun de bekanntste planetareschen Niwwelen. Hie gouf am Joer 1764 vum Charles Messier als éischten Objet vu senger Aart entdeckt. Et handelt sech ëm den ofgestoussene Gasmantel vun engem Stär.

Am oppene Stärekoup NGC 6940 sinn ongeféier 100 Stäre bis zu der 9. Gréissteklass.

De Collinder 399 (och Brocchis Koup genannt) ass en Oppene Stärekoup, deem seng Stärenassociatioun un e Kleederbigel erënneren. Hien ass mat bloussem A siichtbar.

De Stock 1 ass en ausgedehnten helle Stärekoup.

D'Stärebild Vulpecula huet doriwwer eraus e puer liichtschwaach Galaxien an och planetaresch Niwwelen, déi an den New General Catalogue opgeholl goufen. Allerdéngs sinn dës Objete méi schwaach als déi 13. Gréissteenklass an nëmmen a groussen Teleskopen oder op laang beliichte Fotoen ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vulpecula – Biller, Videoen oder Audiodateien