Gliese 876
De Gliese 876 ass e Stär am Stärebild Aquarius an ass 15 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
Obschonns de Gliese 876 e rouden Zwerg ass, a nëmmen hallef esou grouss ass wéi eis Sonn, gëtt hie vu mindestens dräi Exoplanéiten ëmkreest. Zwéin dovu si jupiterähnlech Gasrisen. Dat éischt Planemo gouf am Joer 1998 vum Geoffrey Marcy a senge Kollegen entdeckt, dat zweet am Januar vum Joer 2001. Déi zwéi Planéiten hunn 0,6 an 1,8 Jupitermassen an hir Ëmlafperioden daueren 30,1 an 60,7 Deeg (2:1 Resonanz). Deen drëtten, ganz wäit bannen kreesende Begleeder gouf am Juni 2005 entdeckt a war bis zu der Entdeckung vum Gliese 581 c am Abrëll 2007 de klengste bekannte Planéit baussenzeg vun eisem Sonnesystem. Seng Ëmlafperiod huet knapps 2 Deeg a seng Temperatur gëtt op 200-400 °C geschat. Säi Bunnradius läit bei ronn 3 Millioune Kilometer, wat knapps een Zwanzegstel vum Bunneradius vum Merkur ass.
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
- Gliese-Katalog
| Commons: Gliese 876 – Biller, Videoen oder Audiodateien |