Mars Surveyor

Vu Wikipedia
Sou hätt de Mars Surveyor 2001 Lander mam Rover ausgesi sollen

De Mars Surveyor ass den Numm vun engem Mars-Fuerschungsprogramm vun der NASA. De Mars Surveyor 1998 Orbiter, spéider Mars Climate Orbiter genannt, gouf op eng Mars-Ëmlafbunn vu vill ze klenger Héicht geschoss a goung dorop hi verluer. D'Ursaach war en Ëmrechnungsfeeler vun SI-Eenheeten op amerikanesch Eenheeten. D'Sond Mars Surveyor 1998 Lander, och Mars Polar Lander genannt, hat och de Mars erreecht, vun hir konnten awer nom Antrëtt an d'Mars-Atmosphär keng Signaler méi empfaange ginn.

Mars Surveyor 2001[änneren | Quelltext änneren]

De Programm Mars Surveyor 2001 hat zwou Nofolgsonde virgesinn. De Mars Surveyor 2001 Lander mat engem Rover gouf deelweis gebaut, awer net gestart. De Mars Surveyor 2001 Orbiter, elo als 2001 Mars Odyssey bezeechent, war de 7. Abrëll 2001 gestart. Zanter dem 19. Februar 2002 kartéiert hien erfollegräich d'Marsuewerfläch an déngt de Mars-Rover Spirit an Opportunity als Relaisstatioun fir d'Funkverbindung mat der Äerd.

Spéider goufen déi Deeler vun der deelweis fäerdeggebauter Landesond Mars Surveyor 2001 Lander zum Asaz an der Phoenix-Raumsond gebraucht, där hire Start de 4. August 2007 war an hir Missioun den 10. November 2008 opgehalen hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Surveyor 2001 lander – Biller, Videoen oder Audiodateien