Extraterrestresch
Extraterrestresch (vum lat. extra, „vu baussen“ an terra, „Äerd“) heescht – als Ofgrenzung zu terrestresch – sou vill wéi ausserierdesch.
Als extraterrestresch ginn an der Astronomie Himmelskierper bezeechent, déi sech auswäerts vum Planéit Äerd inklusiv senger Atmosphär befannen oder do hiren Urspronk hunn. Déi Extraterrestresch Physik beschäftegt sech mat physikalesche Phenomenen ofsäits vun eiser Äerd an ass enk verwuess mat der Astrophysik. Astronomesch Objeten, deenen hiren Urspronk net am Sonnesystem läit, ginn och extrasolar genannt. Sou ginn d'Planéiten, déi en anere Stär wéi d'Sonn hunn a ronderëm kreesen, als extrasolar Planéite bezeechent.
Gebraucht gëtt extraterrestresch och am Zesummenhang mat méiglecherweis existéierendem ausserirdesche Liewen, wat an der Exobiologie an a Science-Fiction-Erzielungen a -Filmer eng Roll spillt.