Kepler-22b

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gréisstevergläich Kepler-22b (kënschtleresch fräi Duerstellung) mat Planéite aus eisem Sonnesystem

De Kepler-22b ass deen äerdähnlechsten extrasolare Planéit, dee bis elo entdeckt gouf.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit gouf mat Hëllef vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Dësen Teleskop zeechent Hellegkeetsschwankungen op, déi optrieden, wann e Planéit vun der Äerd aus gesinn, genee viru sengem Zentralstär laanschtzitt (Transit). Fir d'éischt gouf de Planéit schonn am Joer 2009 gesinn. Seng Entdeckung gouf awer eréischt de 5. Dezember 2011 no senger drëtter Observatioun, déi fir d'Bestätegung erfuerderlech war, geséchert, a publizéiert.[1]

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler-22b ëmkreest de sonnenähnleche Stär Kepler-22, e G5-Stär, dee ronn 600 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass.[2][3] Fir en Ëmlaf brauch e ronn 290 Deeg.[4] En huet ongeféier den 2,4-fachen Duerchmiesser vun der Äerd, also zirka 30.500 km. De Planéit ass an der habitabler Zon, an där prinzipiell äerdähnlech Temperaturen an d'Existenz vu Waasser a flësseger Form méiglech sinn. Iwwer d'Uewerfläch oder eng eventuell Atmosphär vum Planéit ass nach näischt bekannt. D'Duerchschnëttstemperatur ass op 22 °C geschat ginn.

Et gëtt gehofft, beim nächsten Transit spektroskopesch Miessunge maachen ze kënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kepler-22b – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]