Bulge

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Messier 81 Galaxis mat Spiraläerm baussen a Bulge am Zentralberäich.
NGC 4565 vun der Säit

Als Bulge (engl. bulge, „Bëlz“) bezeechent een an der Astronomie den dichten Zentralberäich vun enger Spiralgalaxis. D'Bulge hieft sech däitlech vun der iwwreger Galaxis of. Zum engen erschéngt se duerch hir héich Dicht vill méi hell, zum anere bëlzt se sech wäit iwwer de Scheiwenniveau eraus. Bei Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, ass d'Bulge meeschtens dat Eenzegt, wat ee vun der Galaxis nach gesäit. Si gläichen elliptesche Galaxien. Am Kär vun der Bulge sëtzt neiste Fuerschungen no, dacks e Schwaarzt Lach, sou och am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss. D'Verhältnes tëschent de Masse vum Schwaarze Lach an der Bulge ass dobäi mat dem Verhältnes vu 0.2 (no Ho a Wandel, 1999) resp. 0.6 (no Kormendy a Richstone, 1995) bei ënnerschiddleche Galaxië konstant. D'Gréisste vun de Prozenter sinn an der Fuerschung ëmstridden. [1] [2]

De Begrëff gëtt vun den US-Amerikaner an engem anere Kontext och a „Battle of the Bulge“, d'Bezeechnung fir d'Ardennenoffensiv, gebraucht.

Referenzen [änneren]

  1. Max Camenzind: Compact objects in Astrophysics. White Dwarfts, Neutron Stars and Black Holes, Springer, 2007, S. 465
  2. Andreas Eckart, Rainer Schödel, Christian Michael Straubmeier : The black hole at the center of the Milky Way, Imperial College Press, 2005, S. 218

Saturn 01.svg Portal Astronomie