Op den Inhalt sprangen

TacSat

Vu Wikipedia
Den TacSat-1 Satellit
Den TacSat-2
Den TacSat 2 am Mee 2006
Den TacSat-3 um Préifstand
Den TacSat 3
Den TacSat 4

Mat TacSat (Tactical Satellite) gëtt eng Rei vun US-amerikanesche Satellitte bezeechent, déi vum "Office of Force Transformation" (OFT) vun der US-amerikanescher Arméi an d'Liewe geruff goufen.

TacSat-Programm

[änneren | Quelltext änneren]

Mat dem TacSat-Programm soll e Lach am militäresche Satellitteberäich gestoppt ginn. Déi déizäitlech Satellitteprogrammer brauchen eng laang Zäit tëscht dem Projetstart an dem Asaz, an och laang Astellungszäiten am Orbit. Ausserdeem si s'extreem deier. Dëst ass bei strategesche Projete kee Problem, mä et kënne bei den zäitlech kuerzfristegen takteschen Operatioune bis elo keng zousätzlech Satellittekapazitéite bereetgestallt ginn. Den TacSat-Programm soll eng Rei vu Standard-Satellitten zur Dispositioun stellen, déi inklusiv Start maximal 15 Milliounen Dollar kaschte sollen an a wéinegen Deeg, maximal Wochen, no enger Entscheedung fir e Start zur Dispositioun stoen. Bannent dem Programm besti Kooperatioune mat Low-Cost-Rakéitebedreiwer, wéi beispillsweis mat SpaceX.

Déi eenzel Satellitten

[änneren | Quelltext änneren]

Den 110 kg schwéiere Mikrosatellit mat enger Infrarout-Kamera an enger niddreg opléisender Faarfkamera. Den TacSat 1 ass aus Reschter vu Satellittestrukture vum Orbcomm-Programm gebaut ginn. TacSat 1 sollt 2007 mat der Falcon-1-Rakéit vu SpaceX gestart ginn. Opgrond vu Verschleefungen am Drorakéiteprogramm gouf TacSat 2 nach virun TacSat 1 gestart, wat dësen net méi aktuell gemaach huet. E Start ass net méi geplangt.

Dëse Satellit mat enger 370 kg Mass ass mat enger héichopléisender Faarfkamera vum Air Force Research Laboratory ausgerëscht. Deen och als Roadrunner bezeechente Satellit gouf de 16. Dezember 2006 op enger Minotaur-1-Rakéit vun der Wallops Flight Facility gestart an op eng äerdno Ëmlafbunn vun 370 km Héicht bruecht. De 5. Februar 2011 ass si an der Äerdatmosphär vergloust.

Weider Experimentalnotzlaaschten:

  • Inertial Stellar Compass-Stärsensor, deen am Kader vum New Millennium Program vun der NASA entwéckelt gouf[1], als Deel vum ADCS-System vum Satellit.
  • Héichopléisende Mulitspektral-Linnescanner (Pushbroom) mat 6144 Pixelen an engem Schwad vu 5 km.
  • SIGINT-Software-Defined-Radio-Empfänger mat eelef Antennen, kombinéiert mat engem 50-cm-Teleskop fir Detektioun a Lokaliséierung vun RF-Signalquellen, ënner anerem och AIS- a Mobilfunksignaler.
  • Sécheren Datelink mat 274 Mbps (Downlink) an 0.2 Mbps (Uplink).
  • FPGA-baséiert séier Bildveraarbechtungshardware.
  • HET-Ionenundriff; Daten: 200W, 12 mN, 0.1×0.1×0.1 m³, 1 kg.
  • GPS-Empfänger mat eegener Ionosphärenobservatioun
  • Eenheet fir d'Analys vun der Atmosphär an der Ëmlafbunn.
  • Testeenheet fir d'Dämpfung vu Vibratiounen.
  • präisgënschteg Dënnschicht-Solarzellen.
  • Rechnereenheet fir d'autonom Steierung vum Satellit.

Dësen Hyperspektral-Satellit gouf a Kooperatioun tëscht de Fuerschungslaboratoirë vun der Air Force, der Army an der Navy zu der op d'mannst deelweis wiederonofhängeger Opklärung gebaut. Si gouf den 19. Mee 2009 op enger Minotaur-1-Rakéit gestart.

Dëse mat 450 kg um ieweschten Enn vun der TacSat-Linn leiende Kommunikatiounssatellit gouf mat dem National Reconnaissance Office zesummen entwéckelt an de 27. September 2011 mat enger Minotaur-4 gestart. Charakteristesch ass den extrem ellipteschen Orbit (HEO, highly elliptical orbit, héichellipteschen Orbit), dee bal d'selwecht wéi bei de russesche Molnija-Satellitten eng laang Kontaktzäit fir déi taktesch Asazkräften am Zilgebitt bitt. Dëse Satellit gëtt och als Com-X gefouert a soll als Basis fir bis zu fënnef weider am Satellittebus baugläich Satellitten déngen.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. TacSat-2 Provides Testbed for New Navigation Sensor