Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kënschtleresch Duerstellung vum Pioneer 10 am Weltraum
Pioneer 10 war eng Raumsond vun der NASA (National Aeronautics and Space Administration) fir d'Erfuerschung vum Planéit Jupiter, souwéi vum interplanetaresche Medium an der Asteroidenceinture. Si gouf den 3. Mäerz 1972 vu Launch Complex 36 op Cape Canaveral mat enger Atlas-Centaur-Rakéit gestart. Niewent ville wëssenschaftlechen Erkenntnesser iwwer de Jupiter, d'Asteroidenceinture an den interplanetaresche Weltraum war d'Pioneer 10-Missioun och e wichtege Schrëtt am Beräich vun der Raumsondenkonstruktioun a Missiounsplanung. D'Sond hat sech als robust ausgezeechent an hat hiert lescht Signal de Januar 2003 op d'Äerd geschéckt. Mat enger Missiounsdauer vu knapps 31 Joer hat si d'Liewensdauer vun 21 Méint déi sech erwaart gouf, ëm e villfacht iwwertraff.
- John D. Anderson, Philip A. Laing, Eunice L. Lau, Anthony S. Liu, Michael Martin Nieto und Slava G. Turyshev: Study of the anomalous acceleration of Pioneer 10 and 11. In: Physical Review D. Band 65, 2002, 082004, DOI: 10.1103/PhysRevD.65.082004, arXiv: gr-qc/0104064v5