C/1980 E1 (Bowell)

Vu Wikipedia
C/1980 E1 (Bowell)
Orbittyp hyperbolisch
Perihel 3,3639AE
Perihelduerchgank 9. Dezember 1980
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker E. Bowell
Entdeckungsdatum 11. Februar 1980
Aner Bezeechnungen Comet Bowell 1980b C1

Den C/1980 E1 (Bowell) ass en net-periodesche Koméit, deen aus der Oort-Wollek an onse Sonnesystem koum. Bei sengem noe Laanschtfluch beim Jupiter op enger Distanz vun 0,23 AE gouf seng Bunn sou ëmgeleet, datt hien d'Sonnesystem verloosse wäert. Seng Bunn ass elo Hyperbol ginn a seng Bunnexzentrizitéit ass 1,0577. D'Ëmlafzäit vum Koméit war viru sengem Passage beim Jupiter iwwer 7 Millioune Joer[1]. Den Duerchmiesser vum Koméit gëtt op e puer Kilometer geschat.

Entdeckungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Astronom Edward L. G. Bowell hat de Koméit den 11. Februar 1980 entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JPL Small-Body Database Browser: C/1980 E1 (Bowell)