Mercury Programm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mercury Programm war den USA hiren éischte Programm fir e Mënsch an de Weltraum ze bréngen. E gouf 1958 ugefaang an gong 1963 zu Enn. Vun 1961 bis 1963 gouf et 6 bemannte Flich. D'Ziiler vum Programm waren:
- e bemanntent Raumschëff an den Orbit ronderëm d'Äerd ze bréngen
- erauszefanne wéi de Mënsch am Weltraum iwwerliewe kann
- souwuel de Mënsch wéi och d'Raumschëff erëm sécher op d'Äerd ze bréngen
[änneren] Bemannte Missiounen
Start vun MA-6 mam John Glenn
D'Missiounen MR-x ware suborbital Flich, déi mat enger Redstone-Rakéit gestart sinn; MA-x gouwen mat enger Atlas-Rakéit gestart a waren orbital Flich.
(Jiddwer Astronaut huet sengem Raumschëff en Numm ginn an dorun eng 7 gehaang fir op d'Team vun de Mercury Seven hinzeweisen.)
- MR-3 Freedom 7, gestart de 5. Mee 1961
- MR-4 Liberty Bell 7, gestart den 21. Juli 1961
- MA-6 Friendschip 7, gestart den 20. Februar 1962
- MA-7 Aurora 7, gestart de 24. Mee 1962
- MA-8 Sigma 7, gestart den 3. Oktober 1962
- MA-9 Faith 7; gestart de 15. Mee 1963
| Commons: Mercury program – Biller, Videoen oder Audiodateien |