Anders Jonas Ångström
Den Anders Jonas Ångström, gebuer den 13. August 1814 zu Lögdö bruk, Gemeng Timrå a gestuerwen den 21. Juni 1874 zu Uppsala war e schwedeschen Astronom a Physiker souwéi Matgrënner vun der Astrospektroskopie.
Den Ångström studéiert op der Universitéit Uppsala Mathematik a Physik. 1839 promovéiert hien a léiert Physik un der Universitéit, vun 1858 bis zu sengem Doud war hie Professer. Vum Joer 1867 schafft den Ångström als Sekretär op der Kinneklech-Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Uppsala.
Bei senge Fuerschunge stoung d'Fuerschung vum Sonnespektrum op éischtem Plang. 1862 erreecht hien de Noweis vu Waasserstoff-Spektrallinne. Hie stellt och d'Existenz vun aneren Elementer am Sonnespektrum fest a publizéiert 1868 en Atlas mat Spektrallinne vun der Sonn (Recherche sur les spectres solaires, Uppsala).
Nom Ångström gouf d'Längteneenheet Ångström genannt. Si gëtt haut virun allem an der Festkierper-, Hallefleeder- an Atomphysik souwéi an der Kristallographie an allgemeng an der Chemie gebraucht, well déi do optriedend Längten heefeg wéineg Ångström erginn.
Haut dréit e Gebai vun der Uppsala-Universitéit säi Numm (Ångströmlaboratoriet). Ausserdeem gouf de Moundkrater Angström nom Ångström genannt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Anders Jonas Ångström – Biller, Videoen oder Audiodateien |