Angström (Eenheet)

Vu Wikipedia

Den Ångström ['ongstrøm] ass eng nom schweedesche Physiker Anders Jonas Ångström benannt Eenheet vun der Längt. D'Ofkierzung ass Å.

1 Å = 100 pm = 10-1 nm = 10-4 μm = 10-7 mm = 10-10 m

D'Uwendung vun dëser Eenheet entsprécht net der SI-Norm. Am DIN 1301-3 ass se net méi als zougeloossen Eenheet opgelëscht. Si gëtt awer a munneche Beräicher nach benotzt, fir mat "einfache" Zuelewäerter schaffen ze kënnen. Besonnesch an der Kristallographie ass den Å nach wäit verbreet. 1 Å ass déi typesch Gréisstenuerdnung fir Atomradien a bei Gitterparameteren. Aus dësem Grond gëtt den Ångström dacks als Eenheet fir bestëmmt Wellelängten an atomare Gréisstenuerdnungen ugewannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]