Moldavit

Vu Wikipedia
Moldavit aus Béimen
Moldavit aus Mieren
E geschlaffene Moldavit

Moldavitte si gréng, natierlech Glasobjeten, déi viru 15 Millioune Joer beim Aschlag vun engem grousse Meteorit (Ries-Evenement) am haitege Bayern entstanen a gréisstendeels am Gebitt vun der Tschechescher Republik erofgefall sinn. Sou Glieser, déi duerch e Meteorittenaschlag entstane sinn an iwwer wäit Distanzen transportéiert goufen, nennt een allgemeng Tektitten, hir Fonntplazen ginn als Streefelder bezeechent. Vun de weltwäit véier bekannten Tektitte-Streefelder formten d'Fonntplaz vun de Moldavitten dat sougenannte zentraleuropäescht Streefeld.

Fonntplaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Moldavitte goufen nom wichtegsten Fonntgebitt um ieweschte Flosslaf vun der Moldau a Südböhmen (Tschechesch Republik) genannt. Donieft ginn och Moldavitten a Mieren fonnt. Objeten aus Béimen si meeschtens fläschegréng an duerchsiichteg. Mieresch Moldavitte sinn dogéint méi donkel wéi déi béimesch, hir Faarf ass olivegréng bis brong, si ginn am geschlaffenen Zoustand gär als Bijou gebraucht.

Vereenzelt goufe Moldavitten och am Gebitt ëm Eger a Westbéimen, am éisträichesche Waldviertel an an an der Lausitz an Däitschland fonnt.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Vum Wolfgang Gentner (1971) gouf duerch Altersbestëmmunge mat der Kalium-Argon-Method nogewisen, datt d'Moldavitten an dat sougenannt Ries-Evenement de selwechten Alter hunn, nämlech 15 Millioune Joer. Domat war et zimmlech warscheinlech, datt d'Moldavitte bei dësem Evenement entstane sinn. Nodeem déi preriesesch Oflagerunge vun der Ieweschter Séisswaassermolass als Ausgangsmaterial vum de Günther Graup et al. (1981) geocheemesch identifizéiert goufen, si weider Argumenter mat Aarbechte bekräftegt ginn.

No häiteger Virstellung war de Virgank wéi follegt geschitt:

Deen am Duerchmiesser ronn 1.500 Meter grousse Meteorit war mat ronn 70.000 km/h an d'Äerdatmosphär agedrongen, flankéiert vun engem am Duerchmiesser ronn 150 Meter groussem Begleeder. D'Stécker sinn ongebremst op d'Äerduewerfläch agedrongen an hunn zwéi grouss Krater geformt, déi haut als Nördlinger Ries an als Steinheimer Becken bezeechent ginn. Beim Aschlag goufen d'Meteoritten an dat dorënner leiend Äerdräich extreem verdicht. Ënner héijem Drock an Temperaturen ass d'Gestengs geschmollt a gouf mat bis zu 25-facher Schallvitess erausgeschleidert. Wärend dem Fluch hat sech d'Material ofgekillt a war zu Glaspartikelen erstarrt. D'Moldavitte sinn tëscht 250 an 450 Kilometer wäit geschleidert ginn a gréisstendeels am häitigen Tschechien op de Buedem gefall.

Cheemesch Zesummesetzung: 80 % SiO2; 10 % Al2O3; 3 % K2O; 2 % FeO; 2 % MgO; 1,5 % CaO; 0,5 % Na2O; 0,5 % TiO2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Baier: Zur Herkunft und Bedeutung der Ries-Auswurfprodukte für den Impakt-Mechanismus. - Jber. Mitt. oberrhein. geol. Ver., N. F. 91, 9-29, 2009.
  • J. Baier: Die Auswurfprodukte des Ries-Impakts, Deutschland, in Documenta Naturae Vol. 162, München, 2007. ISBN 978-3-86544-162-1
  • V. Bouška: Moldavites. The Czech Tektites. Stylizace, Prag 1994
  • W. Gentner: Cogenesis of the Ries crater and moldavites and the origin of tektites. Meteoritics 6, 274, 1971.
  • G. Graup, P. Horn, H. Köhler & D. Müller-Sohnius: Source material for moldavites and bentonites. In Naturwissenschaften. Vol. 67, Berlin, 1981.
  • Guy Heinen: Tektite - Zeuge kosmischer Katastrophen. Eigenverlag, Luxemburg, 1997 [1]
  • Christian Pinter: Es regnet Glas - Die begehrten Moldavite zeuge von kosmischen Katastrophen, in: Extra (Wochenend-Beilage zur Wiener Zeitung), 24. April 1998, Seite 5
  • Trnka, M. & Houzar, S. (2002): Moldavites: a review (PDF; 389 kB). Bulletin of the Czech Geological Survey, 77, 283–302.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moldavite – Biller, Videoen oder Audiodateien