Sonnenzäit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Sonnenauer un engem Kierchtuerm
Bekanntmaachung zu Uetersen fir d'Zäitëmstellung den 1. Abrëll 1893 vun Uertszäit op Zonenzäit (MEZ)

Zu der Angab vun der Dageszäit gëtt de Begrëff Uertszäit an etlechen Bedeitunge gebraucht:

  • Am heefegste gëtt Uertszäit als Alternativ zu der Zonenzäit gebraucht. Dëst ass dëi gesetzlech Zäit op enger Plaz (Uertschaft oder Stad), vun deer geschwat gëtt. Si gëllt awer doriwwer eraus op alle Plazen, déi zesummen déiselwecht Zäitzon formen. Eng Zäitzon erstreckt sech am Idealfall iwwer 15° Ënnerscheed an der geographescher Längt. D'Zonenzäit an der Nopeschzäitzon ënnerscheed sech ëm ±1  Stonn.
  • Wann d'Dageszäit op de Sonnestand bezunn gëtt, ass mat Uertszäit d'Sonnenzäit gemengt. Dës ass nëmmen op Plazen, déi op deem selwechte Längegrad leien, gläich. Si ännert sech ëm 4 Minutten, wa sech d'geographesch Längt ëm 1° ännert.
    • Déi onkorrigéiert Sonnenzäit ass déi richteg Uertszäit (richteg Sonnenzäit). 12 Auer Mëtteg ass, wann d'Sonn am héichste steet.
    • Déi mëttel Uertszäit (mëttel Sonnenzäit) ass déi iwwer Joer gemëttelte Sonnenzäit. Déi periodesch Ofwäichunge vun der richteger Uertszäit vun der mëttleren Uertszäit bis ongeféier ± 1/4 Stonn gi mat der sougenannter Zäitgläichung uginn.

Inhaltsverzeechnes

Richteg Uertszäit (WOZ)[änneren]

Wann d'Sonn am Uertsmeridian steet (also exakt am astronomesche Süden an am héichsten op hirem Dagesbou), ass déi richteg Uertszäit 12 Auer (Meridianduerchgank). Vum Nordpol bis zum Südpol ass um gläiche Längegrad déi gläich richteg Uertszäit.

Déi richteg Uertszäit ass och déi Zäit, déi eng gewéinlech Sonnenauer uweist, wéi op der niewestoender Sonnenauer um Kierchtuerm.

Opgrond vun der elliptescher Bunn vun eiser Äerd ëm d'Sonn souwéi d'Schréiegt vun der Äerdachs géint d'Bunnfläch vergeet awer déi richteg Sonnenzäit net gläichméisseg.

Mëttel Uertszäit (MOZ)[änneren]

Déi gläichméisseg vergoend Zäit war ufanks nëmme fir astronomesch Observatiounen vu Bedeitung. Hire Gebrauch gouf awer bal och fir den Alldag selbstverständlech. Dozou hat déi mechanesch Auer gehollef, déi zwar am Ufank net genee gelaf ass, awer prinzipiell de gläichméissege Verlaf vun der Zäit gemoos huet. Haut gëllt si als Synonym fir déi gläichméisseg vergoend Zäit.

Dës gläichméisseg vergoend Zäit nennt een mëttel Zäit, wat sech och op déi mëttel Sonnenzäit bezitt. Dës léisst sech mat Hëllef vun enger Sonnenauer nëmme mat groussem Opwand moossen, kann awer aus der moossbarer richteger Sonnenzäit duerch Korrektur ermëttelt ginn.

Déi mechanesch Auer gouf um Enn vum Mëttelalter erfonnt a koum fir d'éischt als Tuermauer zum Asaz. D'Sonnenauer blouf bis an d'Neizäit eran parallel am Gebrauch. Laang Zäit war een op si ugewisen, fir déi mechanesch Auer all Dag ze riichten. Laang gouf dru festgehalen, den Oflaf vun der Dageszäit enk mat dem Laaf vun der Sonn ze verbannen. Déi enk Dageszäitbindung un eng Uertschaft huet eréischt gehënnert, nodeems wäit Reesen während engem Dag méiglech goufen.

Déi mëttel Sonnenzäit wier mat der richteger Sonnenzäit identesch, wann d'Äerdbunn ëm d'Sonn exakt kreesfërmeg wier an d'Äerdachs senkrecht zu der Bunnfläch sténg. D'Zäitgläichung ass: Zäitgläichung = WOZ - MOZ. D'WOZ ka méi wéi 16 Minutten (ëm den 3. November) géigeniwwer der MOZ virgoen oder méi wéi 14 Minutten nogoen (ëm den 11. Februar). Op etleche modernen Sonnenauere gëtt den Zäitausgläich zum Beispill mat Stunneschläifen um Zifferblat, déi d'Form vun engem Analemma hunn, virgeholl (kuckt d'Bild).

Zonenzäit[änneren]

Wou mam Opkomme vun der Eisebunn grouss Strecken a kuerzer Zäit zréckgeluecht konnte ginn, gouf eng fir d'Bedreiwer a Passagéier eenheetlech Zäitangab néideg, d'Eisebunnszäit. Ufanks huet meeschtens déi mat mechaneschen Aueren festgeluecht mëttel Uertszäit vun der Heemechtsgare gezielt. Am Bild uewen ass d'Ofwäichung vun der mëttlerer Uertszäit zu Lauenförde/Weser vun där vum Bezuchsuert Berlin (Stadmëtt) uginn, passend no 1848. Du gouf et eng eenheetlech Landeszäit, déi meeschtens op der mëttlerer Uertszäit vun der Landhaaptstad baséiert huet (Beispillsweis Berliner Zäit, Münchener Zäit (7 Minutten Differenz), … Prager Zäit da Wiener Zäit, Paräisser Zäit, Athener Zäit, Lissaboner Zäit, Madrider Zäit, asw.).

Déi sech an Nordamerika quer duerch de ganze Kontinent erstreckend Eisebunnlinne goufen Ulass, vergläichbar Zonenzäiten unzeleeën. D'Kliente vun der Eisebunn benotzen tëschent Atlantik a Pazifik net méi eng eenzeg Uertszäit, déi sech onpraktesch bis e puer Stonnen vun der ërtlecher Sonnenzäit ënnerscheed. D'Eisebunnklienten erreechten no am Mëttel 15° Längegradënnerscheed eng nei Zäitzon, wou si d'Auer ëm eng Stonn verstelle mussten. Dës amerikanesch Praxis gouf Virbild fir déi weltwäit Ariichtung ënnereneen vergläichbarer gesetzlecher Zonenzäiten an alle Staaten. Op Grond vun de klengen Ausdeenungen an Europa huet de westlechen Deel mat Ausnam vu Groussbritannien, Irland an Portugal déi gläich gesetzlech Zäit, nämlech déi an der Zäitzon mat Bezuchslängegrad 15° Ost (MEZ). Si ass identesch mat der MOZ op Plazen mat dësem Längegrad.

Mëttegweiser op der Facade vum Palais des ducs de Bourgogne zu Dijon

Wëssenswäertes[änneren]

Déi mat enger Sonnenauer ugewisen Zäit war laang déi geneest reproduzéierbar Zäitskala. Bis zum Ufank vum 19. Joerhonnert ware Sonnenauere gemengt, wann ee vun Auere geschwat huet.[1] Och nodeems sech am ëffentleche Gebrauch déi mëttel Uertszäit duerchgesat hat, war een op d'Sonnenauer ugewisen. Déi d'mëttel Uertszäit uweisend mechanesch Aueren waren ongenee. Et huet een e Mëttagweiser (Bild) gebraucht, fir si eemol den Dag no der mëttlerer Sonn ze riichten. De Mëttagweiser gouf fir Mëtteg gemooss an uschléissend korrigéiert op 12 Auer mëttel Uertzäit.

No der Aféierung vun der Telegraphie gouf de Mëttagweiser net méi gebraucht. Vu zentrale Plaze goufen korrigéierend Zäitzeechen verschéckt. Déi haiteg Funkauere ginn automatesch vun zentralen Zäitgiewer mat héichstgeneeën Atomaueren korrigéiert.

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Referenzen[änneren]

  1. Bassermann-Jordan/Bertele: Uhren, Verlag Klinkhardt & Biermann, 1961, Seite 101