Intelsat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Entreprise Intelsat
Kategorie Satellitten - Entreprise
Dréier S.A.
Grënnung 1964
Sëtz Lëtzebuerg
Leedung David McGlade (CEO)
Mataarbechter  ?
Ëmsaz 2,6 Mrd. US-Dollar (2011)
Branche Telekommunikatioun
Websäit www.intelsat.com
Den Intelsat-IVA-Satellit
De Start vum Early Bird de 6. Abrëll 1965
En Intelsat IV Satellit op enger Centaur Uewerstuf, Ofworf vun der Notzlaschtverkleedung
Den Intelsat1 Early Bird

Den Intelsat ass eng 1964 gegrënnten Technologieentreprise mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Et bitt d'Iwwerdroungskapazitéit fir national an international Kommunikatioun, wéi Sprooch-, Dateniwwerdroung, Internet an Televisiounsiwwerdroung mat geostationäre Kommunikatiounssatellitte géint Bezuelen un. De vollstännegen Numm ass Intelsat General Corporation. Zanter dem Start vum bunnbriechendem Intelsat I goufen dës Satellitte stänneg weiderentwéckelt an an der Iwwerdroungskapazitéit vergréissert. Intelsat-Satellitte senden an den C-Band- an Ku-Band-Frequenzen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Intelsat I war den éischte kommerzielle Noriichtesatellit op enger geostationärer Ëmlafbunn. Hie gouf de 6. Abrëll 1965 op der Spëtz vun enger Delta-D-Rakéit an de Weltraum geschéckt.

De Satellit gouf vun der New York Times Early Bird (Fréiopstéier) gedeeft. Hie gouf vun der US-Noriichtegesellschaft Comsat kaf a Jore méi spéit un déi weltwäit aktiv Noriichtesatellittenorganisatioun Intelsat weider verkaf. Den Early Bird hat vu senger Positioun vun 35.800 km iwwer dem Equator um 28° westleche Längegrad den 2. Mee 1965 d'Televisiounssendung "Premiere im Weltraum" op béid Säite vum Atlantik iwwerdroen.

Den Early Bird konnt 240 Telefongespréicher oder eng Televisiounssendung iwwerdroen. Ouni Undriff hat hie nëmmen 38 Kilogramm gewien. D'Sendeleeschtung war 40 Watt an d'Liewesdauer 1,5 Joer. Hien hat en Duerchmiesser vun 72 Zentimeter a war 59 Zentimeter laang.

D'Bedreiwerorganisatioun gouf den 20. August 1964 vun eelef deelhuelende Länner als International Telecommunications Satellite Consortium gegrënnt. Mat 80 deelhuelende Staaten am Joer 1973, gouf den Numm op International Telecommunications Satellite Organization (ITSO) geännert. Den 18. Juli 2001 gouf Intelsat no 37 Joer als tëschestaatlech Organisatioun privatiséiert, an den Numm gëtt zanterhier als Intelsat geschriwwen. Am August 2004 gouf d'Entreprise fir 3,1 Milliarden US-Dollar u véier US-amerikanesch a britesch Private-Equity-Firme verkaf: Madison Dearborn Partners, Apax Partners, Permira an Apollo Global Management. Eng Fusioun mat PanAmSat gouf ageleet.

2004 hat Intelsat eng Rei vu Satellitte fir den amerikanesche Maart (Telstar 5, 6, 7, 8 an 13) vun der kanadescher Entreprise Loral Skynet kaf. Dës goufen ënner dem Numm Intelsat Americas an d'Flott agereit.

Am Juni 2007 huet de Finanzinvestor BC Partners 76 Prozent vun der Entreprise kaf. Dënnef Milliarden US-Dollar goufen un Intelsat bezuelt.

Intelsat hat bis Dezember 2010 säi Firmesëtz op Bermuda, duerno gouff hien no Lëtzebuerg verluecht.[1] De gréissten Deel vun de Mataarbechter ass awer zu Washington (USA) stationéiert.

Intelsat Satellittegeneratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Start vun Intelsat-1 gouf d'Leeschtung vun den eenzelne Generatioune vun den Intelsat Satellitte stänneg weider entwéckelt. En Iwwerbléck vun der Leeschtungsentwécklung bitt déi folgend Lëscht:

Intelsat Zuel Joer Mass Gréisst (Duerchmiesser, Héicht)
mat Antennen
Transponder C-Band Transponder Ku-Band Primäerleeschtung Drorakéiten
Intelsat-1 1 1965 68 kg 0,61m*0,59m 1 0 46 W Delta-D
Intelsat-2 4 1966 76 kg 1,42m*0,67m 2 0 100 W Delta-E1
Intelsat-3 8 1968 151 kg 1,42m*1.08m 2 0 150 W Delta-M
Intelsat-4 8 1971 1414 kg 2,7m*2,74m 12 0 540 W Atlas Centaur
Intelsat-4A 8 1975 1515 kg 2,5m*2,74m 20 0 540 W Atlas Centaur
Intelsat-5 9 1980 1860 kg 1,8m*2,0m
(6,6m*15,9m)
21 4 1800 W Atlas Centaur, Ariane-1
Intelsat-5A 6 1985 c.a. 2000 kg 2,1m*2,8m
(15,9m)
26 6 1800 W Atlas Centaur, Ariane-2
Intelsat-6 5 1989 4330 kg 3,6m*11,8m 38 10 2250 W Ariane-4, Titan-3
Intelsat-K 1 1993 2836 kg 2,2m*2,8m (24m) 0 16 4850 W Atlas-2A
Intelsat-7 6 1993 3695 kg 26 10 3,6 kW Ariane-4, Atlas-2AS
Intelsat-7A 3 1995 4180 kg 26 14 4,8 kW Ariane-4, Laange Marsch-3B
Intelsat-8 4 1997 3245 kg 38 6 Ariane-4
Intelsat-8A 2 1998 3524 kg 28 3 Atlas-2AS
Intelsat-9 7 2001 4725 kg 44 12 8 kW Ariane-4, Proton
Intelsat-10 1 2004 5575 kg 45 16 8 kW Proton
Intelsat-11 1 2007 2500 kg 16-fir-12 (redundant) 2 * 12-fir-9 (redundant) 4,5 kW Ariane-5
Intelsat-14 1 2009 40 22 Atlas-5
Intelsat-15 1 2009 2550 kg 0 30 fir 22 (redundant) 4,6 kW Zenit

No Medieberichter vun 2005 gëtt Intelsat fir de Start vun engem Satellit a sengem Betrib am éischte Joer ongeféier 200 Milliounen US-Dollar aus, dobäi kommen nach Versécherungskäschten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Intelsat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]