Eisemeteorit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eisemeteorit

Eisemeteoritten oder Néckel-Eisemeteoritten maachen ongeféier fënnef Prozent vun alle Meteoritten aus a bestinn aus engem Alliage aus Eisen an ongeféier fënnef bis zwanzeg Gewiichtprozent Néckel. Hire Kär ass metallesch-gro gefierft mat enger brongschwaarzer Kuuscht ronderëm. E besteet meeschtens aus zwéi verschidde Mineraler, Kamacit an Taenit, déi charakteristesch Widmanstätten-Strukture formen. Eisemeteoritten hunn dacks Aschlëss vum Mineral Troilit (Eisesulfid). De gréissten, op der Äerd entdeckte Meteorit, de Meteorit Hoba, ass en Eisemeteorit.

Urspronk an Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Widmanstätten-Struktur bei Eisemeteoritten
Eisemeteorit mat Struktur, Opschmëlzungen an Aschlëss
Den Eisemeteorit vu Campo del Cielo an Argentinien

Eisemeteoritte stame wahrscheinlech aus dem Kär vu fréieren Asteroiden, bei deenen hirer Entwécklung sech déi schwéier Elementer Eisen an Néckel am Kär ofgesat haten. Si ginn dacks als Modell fir d'Zesummesetzung vum Äerdkär ugesinn. Am Kär vun den Asteroide waren d'Metaller vollstänneg geschmolt a vermëscht, si sinn dann lues ofgekillt - ongeféier 1 °C pro Joerdausend. Dat geschmolt hat sech dann als Eisennéckel-Alliage kristalliséiert, déi bei weiderer Ofkillung an zwee Mineraler mat verschiddene Néckeldeeler zerfall ass, den néckelaarme Kamacit ( manner wéi sechs Prozent Néckelundeel), deen och als Dunneneise bezeechent gëtt, an den néckelräichen Taenit (6 - 15 Prozent Néckel), och Bandeise genannt.

Nieft engem spezifeschen Eisen- an Néckelundeel enthalen d'Eisemeteoritte Mineraler wéi Cohenit (Eisekarbid), Schreibersit (Néckel-Eisephosphid), Troilit (Eisesulfid) a Kuelestoff a Form vu Graphit. Doriwwer eraus hu se Spurenundeeler vun Edel- a Schwéiermetaller, wéi Germanium, Gallium, Iridium, Arsen, Wolfram a Gold.

Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Néckel-Eisemeteoritte ginn duerch hir Zesummesetzung an hir Struktur an Hexaedritten, Oktaedritten an Ataxitten ënnerdeelt:

  • Hexaedritte goufe während hirer Entwécklung net iwwer 800 °C erhëtzt a besti bal nëmmen aus dem Mineral Kamacit. Den Néckel-Undeel ass 4-7,5 %. Si hu keng Widmanstätten-Strukture wéi d'Oktaedritten. Den Numm bezitt sech op hir Spaltbarkeet no de Flächen vun engem Wierfel, oder Hexaeder. Etlech Meteoritte weisen awer nom Anätzen parallel Linnen, d'Neumann-Linnen, op. Et handelt sech ëm Verformunge vun der Kristallstruktur, déi däitlech d'Resultat vun engem Impakt duerstellen a beim Zesummestouss vum Urspronkskierper mat engem aneren Asteroid oder beim Aschlag op d'Äerd entstane ka sinn.
  • Oktaedritte ware während hirer Entwécklung Temperaturen iwwer 800 °C ausgesat. Si setze sech aus enger Mëschung vu Kamacit an Taenit zesummen. Wann déi Meteoritte poléiert an ugeäetzt ginn, weise sech déi typesch Widmanstätten-Strukturen aus Kamacitdunnen an Taenitlamellen. Si si parallel zu de Flächen vun engem Oktaeder placéiert, dofir den Numm. No der Breet vun de Kamacitdunne ginn d'Oktaedritten a Strukturklassen agedeelt. Dobäi besteet eng Korrelatioun mat dem Néckelundeel, wat méi Néckel dran ass, wat d'Struktur méi reng ass. D'Ursaach dofir läit an der Tatsaach, datt am Eisen-Néckel System d'Ausscheedung vum Kamacit aus dem ufanks homogenen Taenit bei ëmsou méi déifer Temperatur erfollegt, wat méi héich den Néckel-Undeel ass, sou datt sech dann duerch déi méi lues Diffusioun nëmmen nach schmuel Dunne forme kënnen.

Déi folgend Klasse ginn ënnerscheet:[1]

  • Ganz graff Oktaedritten (Ogg), Balkebreet méi wéi 3,3 mm, 5-9 % Ni
  • Graff Oktaedritten (Og), Balken 1,3 bis 3,3 mm, 6,5-8,5 % Ni
  • Mëttel Oktaedritten (Om), Balken 0,5 bis 1,3 mm, 7-13 % Ni
  • Reng Oktaedritten (Of), Balken 0,2 bis 0,5 mm, 7,5-13 % Ni
  • Ganz reng Oktaedritten (Off), Balken méi kleng wéi 0,2 mm, 17-18 % Ni

Zousätzlech kënnen d'Oktaedritten no hirem Undeel an de Spurenelementer Ga, Ge an Ir an d'chemesch Gruppen I bis IV agedeelt ginn. Donieft existéiert nach eng Rei vun Oktaedritten, déi bis elo a keng Grupp konnte klasséiert ginn. Bekannt Vertrieder vun der Oktaedritgrupp sinn de Gibeon-Meteorit, Sikhote-Alin-Meteorit, Campo del Cielo-Meteorit, Canon-Diablo-Meteorit, Nantan-Meteorit, de Mundrabilla-Meteorit an de Meteorit Toluca.

Ënnersich vun de jeeweilege Spuremetallverhältnësser vu Gallium, Germanium, Kobalt, Chrom a Koffer zum Néckelundeel an den Néckel-Eisemeteoritten, déi den J. F. Lovering et al. (1957) gemaach hunn, hunn zousätzlech zu der struktureller Klassifizéierung, an zu der Aféierung vun de chemesche Gruppen I bis IV gefouert. Déi Andeelung gouf 1967 vum J. T. Wasson an J. Kimberlin op am Ganzen 13 Gruppe vergréissert, déi duerch Bäisetze vu Buschtawen un d'Gruppennummer ënnerscheet ginn [2]. Et geet een dovun aus, datt jiddwer vun dëse chemesche Gruppen engem eegenen Urspronkskierper entsprécht. Ongeféier 10 Prozent vun den Eisemeteoritte passen a keng vun dësen 13 Gruppen a ginn als net gruppéiert (UNGR) bezeechent. Néckel-Eisemeteoritte kënnen och a magmatesch an netmagmatesch ënnerdeelt ginn. Déi éischt sinn aus enger Verschmëlzung entstanen, déi komplett geschmolt war, während déi netmagmatesch Meteoritte méiglecherweis net komplett geschmolt waren a vläicht bei engem Impakt geformt goufen.

  • De gréissten Deel vun den Néckel-Eisemeteoritte gehéiert zur Grupp IAB. Et handelt sech dobäi ëm graff a mëttel Oktaedritten mat däitlech profiléierte Widmanstätten-Strukturen. Si hunn Aschlëss vu verschiddene Silikater, déi chemesch enk de primitive Achondritte gläichen. Et gëtt ugeholl, datt béid Meteorittegruppen vum selwechten Urspronkskierper stamen. D'IAB-Eisemeteoritten hunn dacks Aschlëss vum Eisesulfid Troilit a schwaarz Graphit-Knollen. D'Existenz vun dëser elementarer Form vu Kuelestoff an d'Verdeelung vun de Spurenelementer weisen op d'Famill vun den IAB-Eisemeteoriten mat de kuelege Chondriten.
  • Bei de Meteoritte vun der Grupp IIAB handelt et sech ëm Hexaedritten, déi aus eenzelnen, ganz grousse Kamacit-Kristaller opgebaut sinn. D'Verdeelung vun de Spurenelementer gläicht där an e puer kuelege Chondritten an Enstatit-Chondritten. Et geet een dovun aus, datt d'IIAB-Eise vun engem chondritteschen Urspronkskierper stamen.
  • D'Grupp vun den IIC-Eisemeteoritte besteet aus Oktaedritte mat ganz renge Kristallstrukturen.
  • Bei de Meteoritte vun der Grupp IID handelt et sech ëm mëttel bis reng Oktaedritten, déi héich Undeeler vu Gallium a Germanium hunn. Si enthalen dacks Aschlëss vum Néckeleisephosphid Schreibersit - en extrem haart Mineral.
  • D'Meteoritte vun der Grupp IIE si graff bis mëttel Oktaedritten, déi vill Aschlëss vun eiseräiche Silikaten hunn. Se gläiche chemesch den H-Chondriten.
  • D'Meteoritte vun der Grupp IIF sinn aus Oktaedritten an Ataxitten zesummegesat. Chemesch gläiche se de Pallasitten an de kuelege Chondritte vun de Gruppen CO an CV.
  • D'Grupp IIIAB stellt nieft den IAB-Meteoritten déi zweetgréisst Grupp vun den Eisemeteoritten. IIIAB-Meteoritte si graff bis mëttel Oktaedritten, déi chemesch de Pallasitte vun der Haaptgrupp gläichen. Béid Gruppen stame méiglecherweis vun engem kollektiven Urspronkskierper of.
  • Bei de Gruppen IIICD an IIIE handelt et sech ëm ganz reng Oktaedritten an Ataxitten mat ënnerschiddlechen Undeeler u Spurenelementer.
  • D'Membere vun der IVA-Grupp si reng Oktaedritten. D'Verdeelung vun hire Spurenelementer ënnerscheet si vun allen anere Gruppen.
  • Bei de Meteoritte vun der Grupp IVB handelt et sech ëm Ataxitte mat engem Néckelundeel vun iwwer ronn 17 Prozent.

Kulturgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Meteorittescht Eise gouf scho virun der eigentlecher Eisenzäit fir d'Hierstelle vu Kultgéigestänn, Geschir oder Waffe benotzt. Sou goufen z. B. an engem klenge Graf aus der Zäit vun 3300 bis 3000 v. Chr. bei der egyptescher Uertschaft Gerzeh Eisepärele mat engem Néckelundeel vu 7,5 Prozent fonnt, wat op e meteoritteschen Urspronk hindeit[3]. Eng Dolchspëtzt aus meteoritteschem Eise gouf an der Grafkummer vum Pharao Tutanchamun (ëm 1340 viru Christus) fonnt[4].

Eisemeteoritten déi a Grönland um Cape York fonnt goufen, si vun den Eskimoen fir d'Hierstellung vun Harpunespëtzten a Messere gebraucht ginn.[5] Och haut gëtt meteorittescht Eise wéinst senger Raritéit fir Bijouen oder handgemaachte Messere veraarbecht.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Vagn F. Buchwald, Handbook of Iron Meteorites, University of California Press, 1975
  2. John T. Wasson: Meteorites, Classification and Properties. Springer-Verlag 1974.
  3. J. C. Waldbaum: The first archaeological appearance of iron and the transition to the iron age. In: The Coming of the Age of Iron: Yale University Press, 1980.
  4. J. K. Bjorkman: Meteors and Meteorites in the Ancient Near East. Meteoritics 8 (1973) 91-132.
  5. John Ross: Voyage of Discovery in Baffin's Bay. London 1819.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iron meteorites – Biller, Videoen oder Audiodateien