Hexaedrit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hexaedritten sinn eng Klass vun Néckeleisenmeteoritten, déi beim Uschlëff an Unäetzen eng reng parallel Linn opweisen. Dës Linnen ginn Neumann-Linnen genannt. Hexaedritte bestinn bal nëmmen aus der néckelaarmer Eiselegierung Kamazit mat 5-6 % Néckel[1] Si weisen am Ënnerscheed zu den Oktaedritten keng Widmanstätten-Struktur.

Déi strukturell Ënnerdeelung vu Néckeleisemeteoritten an Hexaedritte, Oktaedritte an Ataxitte orientéiert sech un hirer Textur beim Uschlëff an Unäetzen an dem dominéierendem Mineral.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

De Numm bezitt sech op Hexaeder gläich Würfel, well sech dës Meteoritte laanscht de Fläche vun engem Würfel splécke loossen[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. J. T. Wasson, Meteorites. Springer-Verlag 1974.
  2. F. Heide, F. Wlotzka: Kleine Meteoritenkunde. Springer-Verlag 1988.