Stephans Quintett

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Stephans Quintett ass eng Grupp vu 5 Galaxien am Stärebild Pegasus, déi 1876 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt goufen.

D'Galaxiëgrupp besteet aus de Galaxien NGC 7317, NGC 7318A, NGC 7318B, NGC 7319 an NGC 7320.

D'Galaxien NGC 7317 bis NGC 7319 maachen e raimlech engt, wiesselwierkend System op enger Distanz vu ronn 300 Millioune Liichtjoer. Wéinst der géigesäiteger Gravitatiounswierkung sinn d'Spiraläerm vun de Galaxien onregelméisseg verformt.

Den NGC 7320 gouf ufanks vum Stephan zum Stephans Quintett gezielt. Hei handelt et sech awer wéinst der däitlech niddreger Routverrécklung (~ 800 km/s géintiwwer ~ 6500–7000 km/s bei den anere Galaxien) ëm eng Galaxis, déi méi no läit, nämlech 35 Millioune Liichtjoer.

Dofir gëtt awer haut den NGC 7320C zum Quintett gezielt, sou datt et weider 5 Galaxië sinn.

D'Galaxië vum Stephans Quintett hunn eng Hellegkeet vu ronn 13 mag.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Xu, C. Kevin: Stephan's Quintet: A Multi-galaxy Collision (PDF) - Zusammenfassung des Wissenstandes über Stephans Quintett, Stand Dezember 2005

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stephan's Quintet – Biller, Videoen oder Audiodateien