Camille Flammarion

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Camille Flammarion
De Camille Flammarion am 20. Joerhonnert
Illustratioun zum Kapitel La forme du ciel
an L'Atmosphère.…, Paräis 1888 (Holzstéch):
Un missionnaire du moyen âge raconte …

Den Nicolas Camille Flammarion, gebuer de 26. Februar 1842 zu Montigny-le-Roi an der Haute Marne a Frankräich a gestuerwen den 3. Juni 1925 zu Juvisy-sur-Orge an der Essonne, war e franséischen Astronom an Auteur vu populärwëssenschaftleche Schrëfte souwéi éischte President vun där vun him 1887 gegrënnter Gesellschaft Société Astronomique de France (SAF).

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

1912 hat hie seng Autobiographie geschriwwen an ausféierlech seng Jugendzäit publizéiert. De Flammarion war schonn a jonke Joren un der Astronomie interesséiert. Am Alter vu 16 Joer hat hien e Manuskript vu 500 Säite mat dem Titel Cosmologie Universelle geschriwwen a gouf Assistent vum Astronom Leverrier am Paräisser Observatoire.
1861 huet hien La Pluralité des mondes habités publizéiert. Dora setzt hie sech mat der Méiglechkeet vu Liewen op aneren Himmelskierper ausernaner an hat d'Opfaassung vertrueden, datt d'Äerd keng Ausnam wier, mä Liewen och op anere Planéite vum Sonnesystem existéiere kann. An deem Zesummenhang beschäftegt hie sech och mat der Sënnfro vum Universum. De Flammarion koum zu folgendem Schluss: Wann den Universum zoufälleg entstanen ass – also sënnlos ass – dann ass e grouss genuch, fir op anere Plaze Liewen ervirzebréngen. Wann den Universum an d'Liewen op der Äerd e Sënn huet, da wier et net richteg ze gleewen, datt dëst wonnerbart a villfältegt Universum geschafe gouf ouni weider Liewewiesen, déi dat observéieren an erfuersche sollten. D'Buch gouf an en etlech Sproochen iwwersetzt.

Säin Direkter den Urbain Le Verrier dee vun deem Buch skandaliséiert war, well et ausserierdescht Liewen envisagéiert huet, huet dorophin de Flammarion virun d'Dier gesat, mä de Charles-Eugène Delaunay deen Direkter vum deemolege Bureau des calculs war huet en engagéiert fir Eherimide vum Mound ze berechnen. Op där Plaz war hie vun 1862 - 1867. Als Nofolger vum Abbé Moigno, koum hien an d'Redaktioun vun der Revue Le Cosmos, wou hien e Feldzuch géint dem Le Verrier seng Verwaltung gefouert huet.

1867 huet hien 9 Loftreesen mam Ballon fir wëssenschaftlech Observatioune gemaach; duerno koum hie nees zréck an den Observatoire, wou hien un engem Projet fir systematesch Observatiounen vun Duebelstäre matgeschafft huet. D'Resultat vum Projet war e Katalog vun 10.000 Duebelstären, deen am Joer 1878 publizéiert gouf.

Doriwwer eraus huet de Flammarion den Äerdmound an de Mars observéiert. 1873 huet hien d'Thes opgestallt, datt d'Routfierwung vum Mars op Vegetatioun zréckzeféiere wier.

1877 war hien an engem Bicherbutték op eng Editioun vum Messierkatalog gestouss, déi handschrëftlech Opzeechnungen an Bemierkunge vum Charles Messier hat. De Flammarion huet dunn de Katalog iwwerschafft an huet festgestallt, datt de Messierobjet M102 mat der Galaxis New General Catalogue NGC 5866 iwwerenee gestëmmt huet. 1921 huet hien de M104, bekannt als Sombreroniwwel, an de Messierkatalog gesat.

Als Flammarions Holzstéch bekannt gouf e Bild, dat de Flammarion a sengem 1888 publizéierte Schrëftband L'Atmosphère. Météorologie populaire op der Säit 163 publizéiert hat. D'Bild ass ënnertitelt „E Missionär aus dem Mëttelalter erzielt, datt hien de Punkt fonnt hätt, wou den Himmel an d'Äerd sech beréieren …“ an huet een Observateur de virun der flaacher Äerdscheif knéit, gewisen, an deen hanner de Stärenhimmel kuckt an dohanner gesäit. D'Bild war am 20. Joerhonnert ganz populär.

De Flammarion hat ronn 50 populärwëssenschaftlech Wierker publizéiert, dorënner 1879 L'astronomie Populaire, vun där 100.000 Editioune verkaft goufen, an La Planète Mars (Band 1 1892, Band 2 1909), an deem hiem d'Existenz vun de Marskanäl ënnerstëtzt hat.
Donieft huet hien och phantastesch Erzielungen geschriwwen, dorënner d'Uranie (1889; dt. Urania) an Stella (1897). An La Fin du Monde (1894) hu sech wëssenschaftlech a phantastesch Elementer bei der Beschreiwung vun der Menschheetszukunft am 25. Joerhonndert an a 10 Millioune Joer vermëscht.

De Flammarion huet sech doriwwer eraus och mat Spiritismus a Parapsychologie ausenee gesat an hat d'Opfaassung vertrueden, datt d'Séil eng onofhängeg Existenz vum Kierper huet a Fäegkeeten opweist, déi der Wëssenschaft bis elo onbekannt sinn.

1877 hat de Flammarion d'Société Astronomique de France gegrënnt. Hie war vill beliesen an hat am Laf vu sengem Liewen eng bedeitend astronomesch Bibliothek zesummegesammelt, déi am Joer 1910 10.000 Bänn grouss war.

1922 gouf hie wéinst sengem Liewenswierk an d'Éierelegioun opgeholl.

De 74 km grousse Moundkrater Flammarion, de Marskrater Flammarion an den Asteroid (1021) Flammarion goufen no him genannt.

De Camille Flammarion war de Brudder vum Ernest Flammarion (1846-1936), dem Begrënner vum Paräisser Verlag Flammarion, an de Grousspapp vum Radiopionéier Léon Deloy.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Autobiographie: Mémoires biographiques et philosophiques d'un astronome, Paräis 1912. Gallica

D'Bicher vum Flammarion goufen deelweis op däitsch iwwersat a publizéiert, dorënner:

  • Die Mehrheit bewohnter Welten. Verlagsbuchhandlung J.J.Weber, Leipzig 1865
  • Unbekannte Naturkräfte. J. Hoffmann, Stuttgart 1908
  • Himmels-Kunde für das Volk. Verlag von Zahn, Neuenburg 1908
  • Rätsel des Seelenlebens. J. Hoffmann, Stuttgart 1919
  • Gott in der Natur. Hendel, Halle 1920
  • Spaziergänge in der Sternenwelt. G. Westermann, Braunschweig 1922
  • Komet und Erde - Eine astronomische Erzählung. Philipp Reclam, Leipzig 1910
  • Die Mehrheit bewohnter Welten, eine Studie in der die Bedingungen der Bewohnbarkeit der Himmelskörper vom Gesichtspunkte der Astronomie und der Physiologie aus entwickelt und besprochen werden. Dieter von Reeken, Lüneburg 2004, ISBN 3-8334-0882-0

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reinhard Kaiser (Hrsg.): Wir sind jetzt Bürger des Himmels! - Bilder und Berichte von den Ballonfahrten der Herren Glaisher, Flammarion, Fonvielle und Tissandier im mitteleuropäischen Luftmeer. Greno, Nördlingen 1986

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camille Flammarion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Who is who in amateur wireless. In: QST, Dezember 1922, Säit 61