Rudolfinesch Tafelen

Vu Wikipedia
Frontispiz
Weltkaart

D'Rudolfinesch Tafelen (lat.: Tabulae Rudolphinae) sinn eng Sammlung vu verschiddenen Tafelen a Reegele fir d'Viraussoe vun de Planéitestellungen.

Si ware méi genee wéi déi bis dohi gebrauchten Alfonsinesch Tafelen aus dem 13. Joerhonnert an déi vum Erasmus Reinhold ëm 1551 berechent Tabulæ Prutenicæ Coelestium Motuum. De mëttlere Feeler tëscht virausgesoter an observéierter Planéitepositioun konnt sou vu fënnef Grad op zéng Minutten Ofwäichung reduzéiert ginn. Weider enthält d'Wierk Refraktiounstabellen, Logarithmen, e Verzeechnes vun de Weltstied souwéi e Katalog vun 1.005 Stäreplazen, déi op der Aarbecht vum Tycho Brahe baséieren.

Nodeem de Johannes Kepler am Joer 1600 Assistent vum Tycho Brahe zu Prag gouf, kruten de Brahe an de Kepler vum Keeser Rudolf II. den Optrag fir eng Berechnung vun neien, méi geneeë Planéitentafelen, déi nom Keeser Rudolfinesch Tafelen (lat. Tabulæ Rudolphinæ) genannt goufen. Nodeem den Tycho Brahe am Oktober 1601 gestuerwe war, hat de Kepler d'Nofolleg als keeserleche Mathematiker vum Rudolf II. iwwerholl an huet eleng un den Tafele weidergeschafft.

Am Mee 1612 krut de Kepler eng Ustellung zu Linz, wou hie weider un de Rudolfineschen Tafelen an den Harmonices mundi, (de fënnef Bicher iwwer d'Weltharmonie) geschafft huet. D'Harmonices mundi waren 1619 an den Drock gaangen, d'Editioun vun de Rudolfineschen Tafelen awer huet sech erausgezunn, well wärend dem Ueweréisträichesche Bauerekrich 1626 d'Dréckerei zu Linz verbrannt war. De Kepler ass dann op Ulm (16261627) geplënnert, fir do d'Tafelen am September 1627 fäerdegzemaachen.

D'Rudolfinesch Tafelen waren dat lescht grousst Wierk vum Kepler, dat zu senge Liefzäiten erauskoum, a stellen an der praktescher Astronomie eng grouss Leeschtung duer. D'Wierk war d'Grondlag fir vill astronomesch Berechnunge bis zum 18. Joerhonnert. Den englesche Mathematiker a Physiker Sir Isaac Newton huet sech bei der Formuléierung vu senger Theorie vun der Gravitatiounskraaft op dem Kepler seng Theorien an Observatioune gestëtzt.

De Frontispice deen de Kepler entworf hat, gouf vum Frankfurter Kofferstiecher Georg Keller gravéiert. Et weist eng Allegorie vun der Astronomiegeschicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]