Planisphär

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Planisphär, hei als dréibar Stärekaart.

Als Planisphär (dréibar Stärekaart) gëtt eng Stärekaart bezeechent, déi a charakteristescher Form, d'stereographesch Projektioun, op flaachem Material projezéiert.

Bei der Planisphär gi vum Koordinatepol aus, d'Längegraden als riicht Linn agezeechent, d'Breedegraden awer als konzentresch Kreesser. Den Hipparchos hat entdeckt, datt sech doduerch eng wénkeltrei Ofbildung vum Himmel ergëtt, déi awer, wat ee méi wäit Pol ewechréckelt, ëmmer méi grouss Flächefehler opweist. No dem Prinzip vun der Planisphär funktionéiert och d'Astrolabium als Miessinstrument.

D'Konstruktioun vu Planisphäre fir de Stärenhimmel duerzestellen, gëtt z. B. vum Ptolemäus beschriwwen. Obwuel keng antik Planisphären erhale sinn, handelt et sech bei Exemplaren aus dem 8. bis 10. Joerhonnert méiglecherweis ëm direkt Kopië vun antike Modeller.

Déi vum Paolo dal Pozzo Toscanelli am Joer 1457 hirgestallte Weltkaart an déi 1502 bezunnen Weltkaart vum Alberto Cantino ginn och als Planisphären bezeechent.

Haut gi Planisphären haaptsächlech fir d'Iwwersiichtduerstellung vum Himmel benotzt, z. B. an dréibare Stärekaarten oder an Himmelsvirschaue vu verschiddene Fachzäitschrëften.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]