Jana Tichá

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Jana Tichá mat hirem Mann Miloš Tichý 2004

D'Jana Tichá, gebuer am Joer 1965, ass eng tschechesch Astronomin.

D'Tichá hat op der Wirtschaftsuniversitéit Prag studéiert, an hat do 1987 graduéiert. Zënter 1992 ass si Direktesch vum Kleť-Observatoire. Jana Tichá ass op d'Entdeckung an Observatioun vun Asteroiden a Koméite spezialiséiert, mat Schwéierpunkt op Äerdno Objeten (NEOen) an ass wëssenschaftlech Leederin vum entspriechenden Observatiounprogramm inklusiv de KLENOT-Projet (KLENOT = Kleť Observatory Near Earth and other unusual Objects Observations Team). Ënner hirer Féierung krut den Observatoire eng grondleeënd Moderniséierung vun der astrometrescher Observatioun vun dësen Objeten duerch Aféierung vun enger CCD-Kamera a moderner Computertechnik. Si schafft zesumme mat hirem Mann Miloš Tichý am Observatoire.

D'Jana Tichá ass Member vun etlechen internationale Komiteeën a Kommissioune vum Beräich Astronomie. Beispillsweis féiert si zënter 2003 de Virsëtz vum Committee on Small Body Nomenclature (CSBN) vun der Internationaler Astronomeschen Unioun, déi fir d'Préifung vun Nimmvirschléi an d'Benennung vun Asteroiden zoustänneg ass.

Bis Juli 2007 hat si méi wéi 50 Asteroiden entdeckt, vill dovun zesumme mat hirem Mann. Hir selwer ass den Asteroid (5757) Tichá gewidmet. E weideren Asteroid (8307) Peltan gouf no hirem Meederchersnumm genannt. An Tschechien ass d'Astronomin gutt bekannt duerch hir populärwëssenschaftlech Aktivitéiten. Si gehéiert zu den haaptsächlechen Auteure vum tschecheschen Internetdéngscht zum Themegebitt Asteroiden a Koméiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]