73P/Schwassmann-Wachmann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
73P/Schwassmann-Wachmann
NASA-Foto vum Koméit
Orbittyp kuezperiodesch
Grouss Hallefachs 3,063
Perihel 0,9391 AE
Aphel 5,187 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.6934
Perihelduerchgank 6. Juni 2006
Ëmlafdauer 5,36 a
Ëmlafvitesse 39,94 km/s
Physikalesch Eegeschafte vum Kär
Duerchmiesser  ?
Entdecker Schwassmann, Wachmann
Entdeckungsdatum 2. Mee 1930
Aner Bezeechnungen 1930 VI, 1979 VIII, 1990 VIII

Den 73P/Schwassmann-Wachmann, och Schwassmann-Wachmann 3 (kuerz och SW3), ass e kuerzperiodesche Koméit. Hien ass viun allem dofir bekannt, well an de Joren 2001 bis 2006 d'Zerbrieche vu sengem Kär an en etlech Fragmenter observéiert konnt ginn.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf den 2. Mee 1930 vun den Astronomen Friedrich Karl Arnold Schwassmann an Arno Arthur Wachmann um Hamburger Observatoire entdeckt. Hie koum den 31. Mee 1930 bis op 0,062 AE un d'Äerd erun an hat eng visuell Magnitude vu ronn 6 mag. Dëse Koméit war den drëtte kuerzperiodesche Koméit, dee vu Schwassmann a Wachmann fonnt gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Trotz senger Ëmlafzäit vun nëmmen eppes méi wéi fënnef Joer, war de Koméit no 1930 fir laang Zäit net ze gesinn. Eréischt vu senger Zréckentdeckung an de Joren 1979 an 1990 un, leien Observatioune vir. De Koméit war dobäi leider manner opfälleg. Am Joer 1995 iwwerrascht de Koméit dann d'Astronome mat enger staarker, onerwaarter Hellegkeet déi vu ronn 13mag op ronn 7mag (250-fach Hellegkeet) a wéinegen Deeg eropgoung. De Grond dofir war, datt de Koméitekär an etlech Stécker zerbrach war an dobäi grouss Deeler vu Gas a Stëbs fräigesat goufen. Ufanks konnten dräi, dann awer fënnef Deeler vum Koméit observéiert ginn, déi mat de Buschtawen A bis E bezeechent goufen. Beim nächste Rendez-vous beim Joreswiessel 2000/2001 konnten nëmmen nach dräi Fragmenter (B, C an E) fonnt ginn.

Schwassmann-Wachmann 3, Fragment B, fotograféiert vum Hubble Space Telescope (Video)

Beim nächste Rendez-vous vum Koméit am Fréijoer 2006 war e weidert Auseneebrieche vun de Koméitendeeler z'observéieren. Bei senger nooster Distanz zur d'Äerd, den 13. Mee 2006 mat 0,074 AE hunn déi zwee gréisst Brochstécker (B an C) eng Hellegkeet vu ronn 5mag erreecht. D'Gestalt vum Fragment B hat sech Ufanks Mee 2006 dacks geännert, an et koum zu staarken Hellegkeetsausbréch. Mëtt Mee 2006 waren iwwer 60, deelweis extrem liichtschwaach, Fragmenter bekannt.

Den Hubble-Weltraumteleskop an de Spitzer-Weltraumteleskop hate spektakulär Biller vum Koméit gemaach wéi en auserneegebrach ass. Och mat äerdgebonnenen Teleskopen, dorënner de Very Large Telescope vun der Europäesche Südobservatoire, goufen d'Evenementer verfollegt. Och Amateurastronome konnte mat héichempfindlechen CCD-Kameraen d'Auseneebrieche vum Koméit observéieren.

Den 73P/Schwassmann-Wachmann war en Zil vun der US-amerikanescher Missioun CONTOUR, déi de Koméit den 18. Juni 2006 op ronn 100 Kilometer Distanz besiche sollt. D'Raumsond war allerdéngs 2002 kuerz nom Start am Orbit verongléckt.

Meteorstroum[änneren | Quelltext änneren]

Den 73P/Schwassmann-Wachmann ass den Urspronkskierper vun den Tau-Herkuliden, engem Meteorstroum, dee vum 19. Mee bis den 19. Juni aktiv ass.

Viraussiichtleche Rendez-vous[änneren | Quelltext änneren]

De viraussiichtleche Rendez-vous ass fir d'Joer 2022 berechent.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Komet Schwassman-Wachmann 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]