Galaxy Evolution Explorer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
GALEX

De GALEX (Galaxy Evolution Explorer oder Explorer 83) ass e Weltraumteleskop (Satellit) vun der NASA fir d'Observatioun vu Galaxien am ultraviolette Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum. De GALEX gouf den 28. Abrëll 2003 mat enger Pegasus-Rakéit an en Äerdorbit an ca. 695 km Héicht mat enger Bunnschréiegt vun 29° bruecht.

Den Haaptspigel vum GALEX huet ca. 50 Zentimeter Duerchmiesser. D'Siichtfeld ass mat iwwer 1° opfalend grouss, dofir huet misse bei der Produktioun vum Spigel ganz genee op d'Form opgepasst ginn. En Detekter vum Teleskop observéiert am Wellelängteberäich vun 135 bis 175 nm, deen aneren am Beräich vun 175 bis 280 nm.

Déi ufanks geplangte Missiounsdauer vun 29 Méint konnt iwwerschratt ginn. 2006 hat d'NASA Senior Review Panel virgeschloen, d'Missioun ze verlängeren. 2005 bis 2007 souwéi 2009 koum et duerch Kuerzschlëss zu Ausfäll vum Detekter, deen de wäiten Ultraviolettberäich observéiert. Vum Joer 2009 konnt de Schued net méi, wéi an der Vergaangenheet, gefléckt ginn, soudatt nëmmen nach mat engem Detekter weidergeschafft konnt ginn.

2007 gouf mat Hëllef vum Detekter, deen duerno ausgefall ass, en 13 Liichtjoer laange Schwäif hannert dem Stär Mira entdeckt.

Foto vum koméitenartege Schwäif vum Stär Mira
De GALEX bei de Startvirbereedungen


[änneren] Um Spaweck

Commons: GALEX – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen