Geschicht vun der Äerd

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bléck op d'Äerd vum Apollo 17 aus.

D'Physik huet e grousse Verdéngscht dorënner datt een haut vill Äntwerten op d'Froe vum Entstoe vun der Äerd a souguer vum ganze Sonnesystem huet. Ëmmer nei Theorien, nei Geräter, nei Methoden an nei Denkweisen hunn d'Weltbild dauernd erëm op de Kapp gestallt. De gréissten Deel vum haitege Wëssen ass eréischt am 20. Joerhonnert entstanen, wéi d'Quanten- an d'Relativitéitstheorien der Physik eng nei Basis ginn hunn a wou d'Kosmologie d'Urknalltheorie opgestallt huet.

Grondlag fir déi aktuellst Versioun vum Entstoe vun der Äerd koum schonn Ufank vum 19. Joerhonnert vum Immanuel Kant a Pierre Simon de Laplace. Dës Theorie seet aus, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d'Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltall forméiert gouf. De Virgänger vun eiser Äerd ass am Laf vun 10 Millioune Joer dat gi wat se haut ass. Déi ganz Matière déi der Äerd beim Laf ëm d'Sonn iwwer de Wee komm ass, huet bewierkt datt d'Äerd ëmmer méi grouss ginn ass. D'Opprallenergie vun dëse Steng war onvirstellbar grouss. Dat stänneg Bombardéiere vun de Matièrendeelercher an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d'Äerdiwwerfläch mat ausgedehnte Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmoltem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d'Äerd ëmmer méi erhëtzt. Positiv war, datt dës Hëtzt net méi fort komm ass a sou déi geschmolte Matière sech zu engem eenzege grousse Kierper forme konnt. Dat schwéiert Material, wéi d'Eisen zum Beispill, ass no a no an d'Mëtt gefall während déi liicht Elementer op der Iwwerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d'Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phas. Si huet bis ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.

Geologesch Zäitskala[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och d'Tabell vun der Geologescher Zäitskala

D'Geologesch Zäitskala gëtt an Zäitspanen agedeelt an deene sech d'Fossiliwwerliwwerunge verännert hunn. Dat heescht datt déi verschidden Organisme ganz oder deelweis verschwonne sinn an neier entstane sinn. D'Nimm vun dësen Zäitspane si vu geographesche Plazen ofgeleet ginn wou dës typesch Gestengs a Fossilien virkomm sinn.

D'Geschicht vun der Äerd ass ënnerdeelt an Eonothemen, Ären, Perioden an Epochen.

D'Äonotheme sinn an d'Archaikum an Proterozoikum (Äerdurzäit) agedeelt an d'Ären an d'Paläozoikum (Äerdaltertum), d'Mesozoikum (Äerdmëttelalter) an d'Känozoikum (Äerdneizäit).

D'Periode Kambrium, Odrovizium, Silur, Devon, Karbon, Perm leien am Äerdaltertum, an d'Perioden Trias, Jura, Kräid am Äerdmëttelalter.

D'Äerdneizäit ass agedeelt an d'Period Paläogen (Tertiär) mat den Epoche Paleozän, Eozän an Oligozän, an d'Period Neogen (Quartär) mat den Epoche Pleistozän, Holozän, Miozän a Pliozän.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Meissner, Rolf, Geschichte der Erde. Von den Anfängen des Planeten bis zur Entstehung des Lebens, München, 1999.